E Freideg waren et ideal, ma kal Wiederkonditiounen op de Special Olympics World Winter Games zu Sestrière a Pragelato (IT). D’Athleten hu sech um Freideg am Ganzen eng Gold-, eng Selwer-, an eng Bronzmedaile konnte sécheren. Dobäi kommen weider gutt Leeschtungen, mat nach eemol dräi 6. Plazen an eng 7. Plaz.
Ënnert anerem bei den Dammen goufen e Freideg exzellent Leeschtungen am 100m-Schnéischong-Lafen erreecht: Hei gouf et eng Goldmedail fir d’Sophie Caron an eng Sëlwermedail fir d’Cathia Jacobs. Ma och bei den Hären gouf et Bronz, dat fir de Pit Frank am Schi-Laanglaf op 5 Kilometer.
An der Kategorie Häre 04 op den 5 km ass de Pit Frank op déi 3ten Plaz komm
An der Kategorie Häre 05 op den 500 m ass de Sven Didier op déi 6ten Plaz komm
An der Kategorie Damme 04 op den 2,5 km ass Tammy Zolver op déi 7ten Plaz komm
An der Kategorie Damme 07 op den 1 km ass Nora Urbing op déi 6ten Plaz komm

Op den 100m bei den Dammen F06 ass Sophie Caron op déi 1ten Plaz komm
Op den 100m bei den Dammen F09 ass Cathia Jacobs op déi 2ten Plaz komm
Op den 100m bei den Hären M02 ass den Dimitri Sacre op déi 6ten Plaz komm
Um Samschdeg dann waren et duerchwuessene Wiederkonditiounen. Ma d’Lëtzebuerger Athlete konnten eng gutt Course an der Staffel beim Laanglaf fueren a koumen op eng immens gutt 4. Plaz. Hei dobäi waren Nora Urbing, Pit Frank, Sven Didier a Tammy Zolver.
Bei de Schnéischong-Leefer-Finall op 400m bei den Hären war den Dimitri Sacre um Depart an ass mat enger ganz performanter a gudder Leeschtung op déi 5. Plaz komm.
E Samschdeg den Owend war dann och d’Ofschloss-Zeremonie vun de Special Olympics World Winter Games, dat zu Sestrière selwer.
D’lescht Woch hat sech d’Lëtzebuerger Delegatioun op de Wee fir op d’Spiller gemaach, d’Fotoe vum Depart fannt Dir hei:
LINK: Special Olympics op de Wanterspiller: “Dat Grinsen, dat léisst engem d’Häerz opgoen”
LINK: Special Olympics World Winter Games: Eng Gold-, zwou Sëlwer- an zwou Bronzemedaile fir Lëtzebuerger Athleten
LINK: Special Olympics World Winter Games: Lëtzebuerger wannen hir éischt Medailen