8-12 WochenEntretiensaarbechten um Wuess vum Stade de Luxembourg am Laf vun 2024

RTL Lëtzebuerg
D‘Stad Lëtzebuerg huet matgedeelt, datt d‘nächst Joer Entretiensaarbechten um Wuess vum Stade de Luxembourg gemaach musse ginn.
© Val Wagner

Déi Aarbechten, déi tëscht 8 an 12 Wochen dauere wäerten, wären néideg, fir d‘Qualitéit an d‘Liewensdauer vum Terrain ze erhalen. D‘Lëtzebuerger Futtball- respektiv Rugbyfederatioun goufe concertéiert. Den nationalen an internationale Kalenner vun der FLF misst awer adaptéiert ginn. Weider Detailer kéimen no, heescht et am Communiqué vun der Stad Lëtzebuerg.

Back to Top
CIM LOGO