Didier Dinart bei Lëtzebuerger Handballfederatioun?Et hänkt vun de "finanziellen Ënnerstëtzungen" of, sou den FLH-President

RTL Lëtzebuerg
"Lëtzebuerger Handballfederatioun a Kontakt mam Didier Dinart" gouf virun engem Mount gemellt. Am Oktober gouf et iwwer Videokonferenz eng éischt Entrevue.
© AFP

Elo, no engem vollgepaakte Weekend fir d’Handballnationalekippen, ass et natierlech interessant ze wëssen, wou den Dossier mam fréiere Weltmeeschter als Spiller an als Trainer mat Frankräich drun ass. Fir de President vun der FLH, den Dokter Romain Schockmel, wär dat schonn e wichtege Bausteen, fir de Lëtzebuerger Handball an Zukunft no vir ze bréngen.

Dr. Romain Schockmel iwwert e méiglecht Engagement vum Didier Dinart

“D’Fro stellt sech an der ganzer Restrukturatioun. Mer hunn natierlech e Kontakt mam Didier Dinart opgeholl, deen natierlech bekannt ass an der Zeen. Dir wësst, wat hien erreecht huet, als Spiller, als Trainer och. A mir mussen elo kucke mat deene finanzielle Méiglechkeeten, déi elo och lues a lues erëm agesat ginn, vun de finanziellen Ënnerstëtzungen, ob mer kënnen dee Profil, deen den Didier Dinart huet, deen en och bewisen huet, datt een dat ëm ka setzen, datt dat och fir eis Federatioun méiglech ass, deen ze verflichten.

Den 1.97 Meter grousse fréiere Kreesleefer huet 379 Mol fir déi franséisch Nationalekipp gespillt an nieft de sëllegen Titelen op Olympesche Spiller, Welt- an Europameeschterschafte gouf den 48 Joer alen Didier Dinart och 2017 vun der internationaler Handballfederatioun als Trainer vum Joer gewielt.

FLH: Lëtzebuerger Handballfederatioun a Kontakt mam Didier Dinart

Back to Top
CIM LOGO