
D‘UEFA an och d‘FIFA duerfe Veräiner an och Spiller net sanktionéieren, déi wëllen un enger neier Interclub-Kompetitioun deelhuelen. De Welt- an och europäesche Futtball Verband brauche keng Autorisatioun ze ginn, fir Interclub-Futtball-Kompetitiounen ze organiséieren.
Domadder ass de Wee theoretesch fräi, fir déi sougenannte Super League. 2021 haten 12 europäesch Toppveräiner d‘Iddi vun esou enger Liga op den Dësch bruecht.
D‘UEFA hat séier dogéint gesteiert a mat Sanktioune gedreet. Déi meescht Clibb, bis op Real Madrid an den FC Barcelona, hunn doropshin de Projet fale gelooss. Déi zwee spuenesch Clibb hunn zesumme mam Management vun der Super League dru festgehalen, a kruten elo Recht.
