BasketballEx-Profi vu Steesel Alex Reese an der NBA ënner Vertrag

RTL Lëtzebuerg
Den Alex Reese huet an der Saison 2022/23 fir d'Amicale Steesel gespillt, elo huet hien et an d'NBA gepackt.
Alex Reese mat der Nummer 15 am Trikot vun Oklahoma City Thunder
Alex Reese mat der Nummer 15 am Trikot vun Oklahoma City Thunder
© AFP

De 25 Joer ale Spiller, dee virun 2 Joer zu Lëtzebuerg Vize-Champion mat der Amicale gouf, profitéiert bei Oklahoma City Thunder vun e puer Verletzungen a rutscht domat an de Kader, dat e puer Deeg virum Start vun der Saison den 22. Oktober. De Reese ass domat Deel vun enger vun den um Pabeier stäerksten Ekippen an der NBA a suergt fir eng flott Geschicht vun engem Spiller, dee seng aktiv Karriär eigentlech schonn ofgebrach hat. Wann de Reese déi nächst Wochen iwwerzeege sollt, kéint säi provisoresche Vertrag an e feste Vertrag ëmgewandelt ginn, bis dohin ass et awer nach e wäite Wee.

Scho virun e puer Joer hat en Ex-Spiller vu Lëtzebuerg de Sprong iwwer Ëmweeër an d’NBA gepackt. Den Alfonzo McKinnie, deen deemools fir d’East Side Pirates an der Nationale 2 aktiv war, huet e puer Joer an der NBA eng gutt Roll gespillt.

An der Nuecht op e Mëttwoch start d’NBA an déi nei Saison. Liest hei d’Virschau op déi 79. Saison an der stäerkster Basketliga op der Welt.

Back to Top
CIM LOGO