
Ënner deene leschte 16 Ekippen ass nach och eng Ekipp aus der 1. Divisioun, déi dës Saison an der Coupe de Luxembourg scho fir déi eng oder aner Iwwerraschung gesuergt huet.
Nodeems den FF Norden 02 Wëntger, Rouspert an och Luerenzweiler eliminéiere konnt, kritt et d’Ekipp aus der 1. Divisioun aus dem 1. Bezierk e Mëttwoch mat der UNA Stroossen ze dinn. Beim Fusiounsveräin aus dem Éislek ass ee sech bewosst, datt et eng sauer Aufgab gëtt, mä et wéilt een deene Stroossener d’Liewen esou schwéier wéi méiglech maachen, erkläert den Trainer vum FF Norden 02, de Flavio Ribeiro:
“Ce serait un match très difficile pour nous. Strassen est composé de très bons joueurs, un très bon entraîneur. Mais voilà, un match de Coupe, reste un Match de Coupe. Tout peut arriver. Je pense qu’avec le soutien de nos supporters et les gens de Weiswampach et alentour, on peut bien sûr peut-être causer une surprise à nouveau.”
Momentan steet den FF Norden 02 op der 7. Plaz an der Tabell. D’Ekipp vum Flavio Ribeiro ass am Joer 2024 awer nach ongeschloen a konnt aus siwe Matcher 19 Punkte sammelen. Vun dësem Trend wëll een och e Mëttwoch profitéieren:
“La recette pour ces bons résultats, il y a peu de secrets, c’est la qualité des joueurs. On a aussi peu de blessés, ça nous aide aussi, ce qui fait qu’on peut provoquer une compétition saine au sein du groupe, ce qui provoque aussi une évolution chez tout le monde. On sait très bien comment ça se passe dans le foot. Un mauvais résultat peut tout changer. On doit continuer cette série positive. On doit continuer à bien travailler pour continuer cette série de bons résultats.”
Bekannt ass den FF Norden 02 ënner anerem och duerch seng fréier Jugendspiller wéi de Laurent Jans, de Ralph Schon oder och de Benny Bresch. Dem Kapitän René Majeres no, géif de Veräin sech virun allem duerch seng Kollegialitéit auszeechnen:
“Wat den FF Norden auszeechent, ass am Fong schonn um Veräinsnumm mat dran, dat ass Fussballfrënn. Mir si Frënn, mir si Kolleegen. Ob dat elo nei Spiller sinn, déi bäikommen, jiddereen ass ëmmer relativ séier bei eis integréiert. De Veräin huet a sengen 22 Joer scho relativ vill Héichten an Déifte gehat. Mir sinn zweemol an d’Éierepromotioun opgestigen. Dat meeschtens mat Spiller aus dem Veräin. Wann ee kuckt all déi Jongen, déi beim Norde grouss gi sinn, wéi de Laurent Jans, de Ralph Schon oder och de Benny Bresch, déi hu gewisen, datt och wann ee bei engem klenge Veräin spillt, Grousses kann zu Lëtzebuerg oder och am Ausland erreechen.”
Am Duell mat der UNA Stroossen trëfft den FF Norden 02 awer och op een ale Bekannten. Zanter 2017 ass den Emmanuel Andrien Golkippstrainer zu Stroossen. Ma zanter 2015 këmmert hie sech awer och parallel ëm d’Golkippe vun dem Fusiounsveräin aus dem Éislek.
“C’est un sentiment très spécial. Ici, au lieu de jouer contre une personne, que j’apprécie fortement, je joue contre des amis, un entraineur ami, des joueurs amis, un comité ami, mais je veux gagner. J’espère très sincèrement de gagner en ayant une bonne opposition et que l’opposition fasse un bon match.”
Béid Ekippe stounge sech dës Saison scho géintiwwer, An der Summer-Preparatioun konnte sech déi Stroossener 6:0 duerchsetzen. Ob dat och dës Kéier esou geet, gi mir dann e Mëttwoch Owend gewuer. De Match gëtt ëm 20 Auer um Stade um Kiemel zu Wäiswampech ugepaff.