ÄishockeyFinnland géint Kanada an der WM-Finall

RTL Lëtzebuerg
Bei der WM am Äishockey huet sech Finnland an der 1/2-Finall mat 1:0 géint Russland behaapt a Kanada huet Tschechien mat 5:1 geklappt.
© AFP

Bei der Äishockey-WM a Slowenien kënnt et e Sonndeg an der Finall zum Duell tëscht Finnland a Kanada.

An den Halleffinallen huet sech e Samschdeg Finnland duerch e Gol vum Antilla am drëtte Drëttel mat 1:0 géint Russland behaapt. An der zweeter Partie war et méi eng kloer Affär. Hei huet sech Kanada duerch Goler vum Stone am éischten Drëttel, dem Nurse an dem Dubois am zweeten Drëttel an dem Turris an dem Chabot am drëtten Drëttel mat 5:1 géint Tschechien duerchgesat. Fir Tschechen huet den Zaharna am leschten Drëttel markéiert.

Back to Top
CIM LOGO