
Schonn nom 1:1 géint Borussia Dortmund hat d’Veräinsféierung duerchblécke gelooss, dass et eng kloer Tendenz vum Siewert géif ginn, deen Ufank November de Bo Svensson ersat hat. Elo krut hien e Kontrakt bis 2026.
A 7 Matcher ënnert dem Siewert gouf et zwar bis elo just 1 Victoire, allerdéngs och just 2 Néierlagen. De Veräi vum Lëtzebuerger Sportler vum Joer Leandro Barreiro steet no 16 Spilldeeg op Plaz 16 an der Tabell, dat mat just 10 Punkten. Hannendru kommen den 1. FC Köln an SV Darmstadt, allebéid och mat 10 Punkten.