
Wie spillt géint wien an der Virronn op der Futtball-Weltmeeschterschaft d’nächst Joer? E Freideg den Owend um 18 Auer ginn zu Washington, en halleft Joer virum Tournoi, d’Gruppen ausgeloust. D’WM 2026 gëtt jo an den USA, a Kanada an a Mexiko gespillt.
48 Ekippe si mat derbäi, am Katar waren et der nach 32. Dat mécht 104 Matcher, déi wäerte gespillt ginn. D’Auslousung e Freideg den Owend soll eng grouss Gala ginn, mam Donald Trump als Éieregaascht. D’Heidi Klum moderéiert zesumme mat den US-Schauspiller Kevin Hart an Danny Ramirez.
Musek soll et och ginn, ënnert anerem den italieeneschen Tenor Andrea Bocelli an de Popstar Robbie Williams, deen zesumme mam Nicole Scherzinger soll optrieden. An den Ofschloss soll d’Band “Village People” maachen, mat hirem Welthit YMCA.