Internationale FuttballGladbach a Bremen mat Remis, Victoirë fir Lyon an Tottenham

RTL Lëtzebuerg
E Freideg den Owend ass ënnert anerem an der Bundesliga, an der Premier League, an der Ligue 1 an an der Serie A de Ball gerullt.
Frou Gesiichter bei Olympique Lyon
Frou Gesiichter bei Olympique Lyon
© AFP

Bundesliga

An der däitscher Bundesliga stounge sech e Freideg den Owend Borussia Mönchengladbach a Werder Bremen géintiwwer. Um Enn hu sech béid Veräiner mat engem 2:2-Remis d’Punkte gedeelt. Domadder konnt Gladbach seng Serie vu fënnef Victoiren noeneen am Borussia-Park net weider ausbauen.

Bremen war an der 7. Minutt duerch de Borre mat 1:0 a Féierung gaangen. Duerno konnt de Reitz mat Goler an der 45. an an der 49. Minutt d’Partie dréinen. Ma den Ducksch huet mam 2:2 an der 76. Minutt fir d’Schlussresultat gesuergt a Bremen nach e Punkt geséchert.

Bei de Gladbacher ass de Lëtzebuerger Yvandro Borges an der 90. Minutt agewiesselt ginn.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga

Premier League

Dräi Punkten huet sech e Freideg den Owend Tottenham Hotspur geséchert. Mat 2:0 huet ee sech bei Nottingham Forest behaapt. D’Goler hunn de Richarlison an der Nospillzäit vun der éischter Hallschent an de Kulusevski an der 65. Minutt geschoss.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

An Italien huet sech Juventus Turin beim Opsteiger CFC Genua misse mat engem 1:1 zefridde ginn. An der Paus louch d’Juve duerch en Eelefmeter vum Chiesa an der 28. Minutt mat 1:0 a Féierung. An der zweeter Hallschent ass et de Gäscht awer net gegléckt, fir d’Féierung iwwert d’Zäit ze bréngen. Schonn an der 48. Minutt hat Genua duerch de Gudmundsson ausgeglach. Duerno sollt kee Gol méi falen.

Duerch de Remis verpasst Juventus Turin de Sprong un d’Tabellespëtzt. E Sonndeg kann Inter mat enger Victoire géint Lazio Roum bis op véier Punkte fortzéien.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

A Frankräich huet Lyon sech wichteg dräi Punkten an der Lutte géint den Ofstig geséchert. Kuerz viru Schluss hat de Jefferson (85') fir den decisiven 1:0 zu Monaco gesuergt. An der provisorescher Tabell steet Lyon elo net méi op der leschter Plaz, mä ass 16.. Monaco steet op der drëtter Plaz.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

Back to Top
CIM LOGO