
Den Dimitrios Grammozis iwwerhëlt den Trainerposte vum Dirk Schuster beim Futtball-Zweetligist 1. FC Kaiserslautern. De 45 Joer ale Grammozis, dee bis ewell bei Darmstadt a Schalke un der Säitelinn stoung, huet schonn e Sonndeg den Training geleet.
De Grammozis stoung vun 2000 bis 2005 als Spiller fir Kaiserslautern um Terrain. En Dënschdeg wäert hien dann an der Aachtelsfinall vum DFB-Pokal géint Nürnberg säin Debut feieren. Presentéiert gëtt den neien Trainer e Méindeg.
Fir wéi laang de Kontrakt vum neien Trainer ass, gouf net matgedeelt.
Den Dirk Schuster war en Donneschdeg bei de Rouden Däiwelen entlooss ginn. Den FCK hat aus de leschte sechs Matcher nëmmen ee Punkt geholl an ass an den Tabellekeller gerutscht. E Samschdeg gouf et eng 1:4-Néierlag géint Magdeburg.