
Dat mellen däitsch Medien. Just de Minimum vu 24 Clibb war dofir, 10 hu mat Nee gestëmmt an 2 hu sech enthalen.
Zil ass e Milliardendeal. Bis zu sechs Interessente géif et scho ginn. Déi Däitsch Futtball-Liga kann elo mat Negociatiounen ufänken. Am Mee waren dës Bestriewungen nach gestoppt ginn.
Zil ass et, sechs bis néng Prozent vun enger Duechtergesellschaft vun der DFL, wou déi komplett Rechter fir Medien ausgelagert ginn, fir 20 Joer ze verkafen. Et erhofft ee sech 800 Milliounen bis eng Milliard Euro fir eegen Investitiounen ze stemmen.
D’Recettë sollen dann op d’Administratioun vun der Liga a mat engem Verdeelungsschlëssel och op d’Clibb verdeelt ginn. Clibb, déi géint dës Ouverture sinn, wollten déi néideg Investitiounen éischter mat eegene Mëttele finanzéieren.
D’Fanclibb si kloer géint en Deal.