
VFL Wolfsburg - Bayern München 1:2
0:1 Musiala (33'), 0:2 Kane (43'), 1:2 Arnold (45'+1)
Bayern war grad an der éischter Hallschent richteg dominant zu Wolfsburg a war och no 43 Minutte verdéngt 2:0 am Avantage. Ma trotz just wéinege Golchancen huet den Arnold nach virun der Paus verkierzt. Déi zweet Hallschent war da scho méi ausgeglach, mä hei hunn d’Goler op béide Säite gefeelt. Esou geet dës Partie mam Pauseresultat och zu Enn.
Eintracht Frankfurt - Borussia Mönchengladbach 2:1
0:1 Wöber (27'), 1:1 Buta (90'+1), 1:2 Koch (90'+7)
An enger éischter méi ausgeglachener Hallschent konnt Gladbach fréi duerch e Gol vum Wöber a Féierung goen. Nom Pausentéi huet Frankfurt den Drock awer erhéicht a Gladbach huet sech dacks just mat Feeler ze hëllefe gewosst. De Bal-Held Wöber ass da bei zwee Feeler esou opgefall, datt den Arbitter him zwee Mol déi giel Kaart gewisen huet an hien esou an der 89. Minutt an d’Dusch geschéckt gouf. Frankfurt konnt vum enge Mann méi profitéieren an huet an der Nospillzäit a Persona vum Buta den Ausgläich markéiert an duerch de Gol vum Koch och nach d’Partie ganz zum Schluss gedréint.
FC Heidenheim - SC Freiburg 3:2
0:1 Höler (7'), 1:1 Dinkci (52'), 1:2 Höler (64',p), 2:2 Kleindienst (84'), 3:2 Ginter (90'+2, sg)
Et war en op an of an der Partie tëscht Heidenheim a Freiburg, bei deem d’Gäscht zwee Mol a Féierung konnte goen an d’Heemekipp zwee Mol zeréck koum. An der Nospillzäit du richteg Pech fir Freiburg, well de Ginter, deen u sech kläre wollt, de Ball esou schlecht trëfft, datt hie sengem eegene Golkipp keng Chance méi gelooss huet. Esou séchert sech Heidenheim déi dräi Punkten a Réckelt méi no un déi international Plazen.
Union Berlin - FC Köln 2:0
1:0 Hollerbach (55'), 2:0 Fofana (78')
Bayer Leverkusen - VfL Bochum 4:0
1:0 Schick (30',p), 2:0 Schick (3'), 3:0 Schick (45'+1), 4:0 Boniface (60')
VfB Stuttgart - FC Augsburg 3:0
1:0 Undav (18'), 2:0 Guirassy (45'+1), 3:0 Führich (69')
En Dënschdeg scho gouf et dräi Partien an der Bundesliga, woubäi hei keng Ekipp sech dräi Punkte séchere konnt. En 1:1 gouf et tëscht Bremen a Leipzig wéi och tëscht Dortmund a Mainz, 3:3 hu sech Hoffenheim an Darmstadt getrennt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
OGC Nice - RC Lens 2:0
1:0 Moffi (76'), 2:0 Moffi (78')
Zwee Goler an zwou Minutten. Esou kéint een d’Partie tëscht Nice a Lens séier resuméieren. Ma esou einfach ass et dann awer net. Lens hat iwwert de Match gesi méi Ballbesëtz, ma Nice konnt sech einfach méi Ofschlëss a Chancen erausspillen an sou ginn zwee Goler vum Moffi an der 76. an 78. Minutt duer, fir dräi Punkten ze huelen an als Tabellenzweeten um PSG drunzebleiwen. Lens verpasst de Sprong op déi international Plazen.
Olympique Lyon - FC Nantes 1:0
1:0 Lacazette (49')
An der Partie tëscht zwou Ekippen, bei deenen et net esou gutt leeft am Moment, ass Lyon ee Gol duergaangen, fir 3 Punkten doheem ze halen an elo mol vun enger Ofstigsplaz ze kommen. Nantes dogéint bleift just e knapp virun de fënnef Ekippen - Metz, Lyon, Toulouse, Lorient a Clermont -, déi voll am Ofstigskampf dra sinn.
PSG - FC Metz 3:1
1:0 Vitinha (49'), 2:0 Mbappé (60'), 2:1 Udol (72'), 3:1 Mbappé (83')
De grousse PSG huet sech grad déi éischt Hallschent doheem géint Metz schwéier gedoen an d’Ekipp aus eiser Groussregioun konnt hei mat engem 0:0 an d’Paus goen. Ma kuerz nom Säitewiessel huet de PSG zougeschlo an de Starensembel huet no enger Stonn nach erhéicht. Dem Udol säin Tëschenzäitlechen 2:1 huet net laang gehalen, well de Superstar Mbappé huet an der 83. Minutt mam 3:1 de Sack zougemaach
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
FC Barcelona - UD Almeria 3:2
1:0 Raphinha (33'), 1:1 Leo Baptistao (41'), 2:1 Roberto (60'), 2:2 Gozalez (71'), 3:2 Roberto (83')
Barcelona huet sech beim Tabelleleschte Alermia schwéier gedoen. Zwar hat een däitlech méi Ballbesëtz an och méi Golchancen, ma den Underdog konnt de Réckstand zwee Mol nees gutt maachen. Eréischt e Gol zimmlech zum Schluss erléist d’Katalanen, déi mat dësen 3 Punkten u Real a Girona drubleiwen. Den Tabellenzweeten an -éischte mussen hir Partie fir den 18. Spilldag awer nach spillen.
Atlético Madrid huet schonn en Dënschdeg zwee Punkten doheem géint Getafe leie gelooss, nodeem d’Partie 3:3 op en Enn gaangen ass. Valencia konnt sech 1:0 bei Rayo Vallecano duerchsetzen a Sevilla 3:0 beim FC Granada.