Internationale FuttballInter klappt Hellas Verona no geckeger Schlussphas

RTL Lëtzebuerg
An der Serie A huet Inter mat enger Victoire an der Nospillzäit déi éischt Plaz an der Tabell verdeedegt.
© GABRIEL BOUYS/AFP

A Frankräich, England a Spuenien war Paus am Championnat, mee et gouf an der Coupe gespillt.

Serie A

Inter - Hellas Verona 2:1
1:0 Martinez (13'), 1:1 Henry (74'), 2:1 Frattesi (90+3')

De Favorit war gutt an de Match komm a louch an der Partie séier 1:0 vir. D’Gäscht hu sech net verstoppt a si besonnesch an der 2. Hallschent ëmmer méi staark ginn. Den 1:1-Ausgläich an der 74. Minutt war verdéngt. Wéi jidderee mat engem Remis gerechent huet, gouf et nach eng geckeg Schlussphas. An der 93. Minutt huet de Frattesi den 2:1 markéiert. Kuerz drop gouf de Lazovic, Spiller vun Hellas Verona, mat enger rouder Kaart vum Terrain gesat. Verona huet awer weider no vir gespillt a krut an der 9. Minutt vun der Nospillzäit nach en Eelefmeter zougesprach. Dem Henry hunn awer d’Nerve versot an hien huet just de Potto getraff. Um Enn gouf et e knappen Erfolleg fir Inter, deen och op der 1. Plaz an der Tabell bleift.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

FA Cup

An der 3. Ronn an der englescher Coupe si gréisser Iwwerraschungen ausbliwwen. Newcastle huet ënner anerem 3:0 zu Sunderland gewonnen. D’Queens Park Rangers ware Bournemouth mat 2:3 ënnerleeën. Watford aus der 2. Liga huet sech knapp 2:1 géint Chesterfield aus der 5. Liga duerchgesat. Brighton huet Stoke City mat 4:2 geklappt. Chelsea huet géint Preston North End mat 4:0 d’Iwwerhand behalen an Aston Villa huet zu Middlesbrough mat 1:0 gewonnen.

Coupe de France

Lille huet sech an 1/32-Finall a Frankräich héich mat 12:0 géint Golden Lions, eng Ekipp vun der Insel Martinique, behaapt. Brest huet knapp mat 1:0 géint Angers aus der Ligue 2 gewonnen. Bordeaux (Ligue 2) huet sech bei der Entente Sannois Saint-Gratien aus der National 2 laang schwéier gedoen, no Eelefmeterschéisse schlussendlech awer nach 5:3 gewonnen.

Copa del Rey

An der spuenescher Coupe hat Atlético Madrid Krämpes mat CD Lugo aus der 3. Divisioun. D’Ekipp vum Diego Simeone huet sech duerch eng besser Leeschtung an der 2. Hallschent awer mat 3:1 zu Lugo duerchgesat. Getafe huet 1:0 bei Espanyol Barcelona gewonnen. Elche huet doheem 0:2 géint Girona verluer.

Back to Top
CIM LOGO