Nodeems d’Jenny Warling de Samschden a Spuenien als éischte Karateka aus dem Grand-Duché den Europameeschtertitel gewonnen huet, ass déi fréier Sportlerin vum Joer zanter Méinden Owend erëm zu Lëtzebuerg.
De Fliger aus Madrid ass um 22.15 Auer um Findel gelant a ronn 25 Minutten méi spéit ass d’Jenny Warling vun Frënn a Famill empfaange ginn.
Vertrieder vun der FLAM , dem Walfer Karaté Club, der Walfer Gemeng an de Sportsminister Dan Kersch hunn déi 25 Joer al COSL-Athletin begréisst an hir Blummen iwwerreecht.

Den nächste groussen Héichpunkt fir d’Jenny Warling sinn d’Europaspiller am Juni. Mat engem gudde Resultat zu Minsk wieren d’Chance fir eng Qualifikatioun fir d’olympesch Spiller nach realistesch.
Karate-EM: Jenny Warling gewënnt Gold