
Inter a Juventus hunn an Italien hir Matcher gewonnen a bleiwen op den 2 éischte Plazen an der Tabell.
Liverpool - Arsenal 1:1
0:1 Gabriel (4'), 1:1 Salah (29')
D’Gunners sinn direkt mat der éischter geféierlecher Aktioun 1:0 vir komm. No engem Fräistouss vum Ödegaard huet de Gabriel de Ball mam Kapp am Filet ënnerbruecht. Et war eng intensiv Partie, wou et Hin an Hir gaangen ass. No knapp 30 Minutten huet de Salah ausgeglach. D’Reds ware spillbestëmmend, hunn an enger éischter Phas awer kee weidere Gol geschoss. An der 2. Hallschent war manner lass a béid Ekippen hunn sech manner Golchancen erausgespillt. No 70 Minutten hat den Alexander-Arnold déi grouss Chance, seng Faarwen nees a Féierung ze bréngen. Hien huet eleng virum Gol just d’Lat getraff. Béid Ekippen hunn an der Schlussphas net mat der leschter Konsequenz no vir gespillt. Et ass beim 1:1-Remis bliwwen, fir Liverpool wier méi dra gewiescht. Arsenal behält ee Punkt Virsprong op d’Reds an ass weider Tabelleleader an der Premier League.
West Ham - Manchester United 2:0
1:0 Bowen (72'), 2:0 Kudus (78')
Manchester United huet fir déi 4. Kéier hannerteneen an der Premier League net gewonnen. An der 1. Hallschent war et eng ausgeglache Partie, wou de Garnacho déi bescht Chance fir ManU hat, se awer net notze konnt. Nom Téi ass West Ham besser an de Match komm an huet duerch Bowen a Kudus a 6 Minutten 2 Goler markéiert. D’Gäscht konnten net méi reagéieren a leien an der Tabell just nach op der 8. Plaz. West Ham huet ManU iwwerholl a läit 2 Plaze virun de Red Devils.
Tottenham - Everton 2:1
1:0 Richarlison (9'), 2:0 Son (18'), 2:1 Gomes (82')
Tottenham huet vun Ufank u vill Drock gemaach an ass duerch Goler vu Richarlison a Son séier 2:0 vir komm. D’Gäscht vun Everton haten näischt dogéint ze setzen an hate Chance, an der Paus net nach méi héich hannen ze leien. Nom Säitewiessel huet Everton awer d’Heft an d’Hand geholl a sech déi eng oder aner Méiglechkeet erausgespillt. Et war en anert Bild wéi an den éischte 45 Minutten, well d’Gäscht dogéint gehalen hunn. Den 1:2-Uschlossgol sollt réischt an der 82. Minutt falen. Um Enn ass et net méi duergaange fir auszegläichen. Duerch d’Victoire läit Tottenham op der 4. Plaz a bleift um Spëtzentrio an der Tabell drun.
Luton Town - Newcastle 1:0
1:0 Townsend (25')
Den Opsteiger huet mat Newcastle gutt matgehalen a war an der Paus verdéngt mat 1:0 duerch e Gol vum Townsend vir. An der Suite huet d’Heemekipp sech hannendra gestallt a Newcastle huet keng Léisunge fonnt, fir e Gol ze markéieren. Et ass bei der knapper Victoire fir Luton Town bliwwen. Et ware wichteg dräi Punkten am Ofstigskampf.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Frosinone - Juventus 1:2
0:1 Yildiz (12'), 1:1 Baez (51'), 1:2 Vlahovic (81')
De Vlahovic huet dem Favorit Juventus mat sengem Gol an der Schlussphas 3 Punkten zu Frosinone gerett. D’Gäscht si gutt an de Match gestart an hunn an der 12. Minutt duerch de Yildiz den éischte Gol markéiert. Juventus huet et verpasst, den 2. Gol nozeleeën. No der Paus war een dunn ze passiv an de Baez huet fir den Opsteiger ausgeglach. An der Suite war et eng Partie op Aenhéicht, den agewiesselte Vlahovic huet mat sengem Kappball, den am Gol gelant ass, fir d’Entscheedung gesuergt. An der Tabell bleift Juventus um Tabelleleader Inter drun.
Inter - Lecce 2:0
1:0 Bisseck (43'), 2:0 Barella (78')
Inter war de ganze Match iwwerleeën an huet verdéngt mat 2:0 gewonnen. Virun der Paus huet de Bisseck den 1:0 markéiert. 12 Minutte viru Schluss huet de Barella den Deckel op d’Partie drop gemaach.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Atlético Madrid - Sevilla 1:0
1:0 Llorente (46')
D’Heemekipp ass mat vill Elan an de Match gestart an huet Sevilla an der éischter Hallschent ënner Drock gesat. D’Gäscht waren defensiv agestallt an hu keng grouss Geleeënheeten zougelooss. Knapp 40 Sekonne waren am 2. Duerchgang gespillt, do huet de Llorente de Favorit awer a Féierung bruecht. D’Qualitéit vum Match war weiderhin net héich, d’Spiller hunn awer ëmmer méi Onrou an d’Spill bruecht. No engem haarde Foul krut de Söyüncü vun Atlético an der 70. Minutt déi rout Kaart gewisen. Sevilla konnt och an Iwwerzuel net méi reagéieren, soudass et bei der Defaite bliwwen ass.