Luc Holtz iwwer RumeurenKontrakt vu 6 Méint wier einfach ze kuerz gewiescht

Franky Hippert
De Lëtzebuerger Futtballnationaltrainer Luc Holtz krut jo säi Kontrakt fir zwee Joer verlängert.
© Archivbild

Am Virfeld waren awer och Rumeuren zirkuléiert, datt et vläicht just 6 Méint oder ee Joer kéinte sinn. De Franky Hippert huet beim Concernéierte nogefrot, wat do dru war.

Kontraktverlängerung Luc Holtz/Reportage Franky Hippert

Verlängert en, kritt en iwwerhaapt verlängert, wëll en nach eng Kéier verlängeren, déi Froe goufen an den Deeg a Woche virun der Kontraktverlängerung dacks gestallt. Den FLF-Nationaltrainer Luc Holtz krut déi Rumeuren indirekt och mat. Hien hätt dat awer guer net gutt gesinn a wär dat och net agaangen. Dat wär ze kuerz gewiescht, dat wär och kee gutt Zeeche gewiescht vis-à-vis vu senge Spiller. De Luc Holtz huet awer och d’Gefill ze wëssen, wéini et eng Kéier duer géif goen.

D’Tënt ënnert dem Kontrakt ass jo lo dréchen, bis den 31. Dezember 2025 leeft en a bis dohi ginn et mat de Playoffs vun der Nations League, der eventueller Participatioun op der Europameeschterschaft an Däitschland den nächste Summer, der Nations League am Hierscht an der Weltmeeschterschaftsqualifikatioun 2025 nach eng ganz Rei wichteg Rendez-vousen.

Back to Top
CIM LOGO