
Déi Duebel-Olympiagewënnerin am Biathlon Laura Dahlmeier hält op."Meine Entscheidung fällt mir wirklich nicht leicht und mein endgültiger Entschluss durfte nun schon länger reifen. Aber ich merke, dass jetzt der richtige Zeitpunkt für mich gekommen ist”, sou déi 7-fach Weltmeeschterin.
Den Haaptgrond fir hire fréie Récktrëtt ass, datt si keng nei sportlech Ziler méi huet.
De Schratt vum Dahlmeier hat sech an de leschte Méint schonn ugedeit. No den Olympesche Wanterspiller 2018 zu Pyeongchang hat sech déi däitsch Athletin scho mat engem Récktrëtt befaasst, hat sech um Enn awer dogéint decidéiert. Elo ass hir Karriär dann awer definitiv eriwwer.