
Mam Start an d’Fréijoer huet d’Lëtzebuerger Tennis-Federatioun d’Indoor-Landesmeeschterschaften organiséiert. Am Nationalen Tenniszenter zu Esch-Uelzecht stounge sech e Sonndeg bei den Dammen d’Laura Palumbo an d’Leila Fabbri an der Finall géintiwwer. D’Palumbo sollt mat 6:2, 6:2 als Gewënner aus dësem Duell ervirgoen a konnt sech soumat den Titel sécheren.
Bei den Häre gouf et och eng Zwee-Saz-Victoire vum Raphael Calzi, dee sech 6:3, 6:2 géint de Robi Tholl duerchsetze konnt. Sou konnt de Spiller vun der Spora den Titel mat heem huelen.