Am Vëlossport ass e Sonndeg "Léck-Baaschtnech-Léck". Dräi Lëtzebuerger si mat dobäi, de Bob Jungels (Ineos Grenadiers), Mats Wenzel (Equipo Kern Pharma) an de Kevin Geniets (Groupama-FDJ United).
An der Vergaangenheet war d'"La Doyenne" dacks eng gutt Course fir d'Lëtzebuerger. Mam Bob Jungels, Andy Schleck a Marcel Ernzer gouf et dräi Victoiren.
Commentaire: Tom Flammang a Kim Kirchen
Sender: 1. RTL
Ufank vun der Emissioun : 15:00
Viraussiichtlech Ënn vun der Emissioun: 17:00