
D’Saga “Sané bei d’Bayern” zitt sech iwwer déi gesamt Transfert-Period. Um Donneschdeg Nomëtteg koum dann d’Noriicht, déi kee Bayern-Supporter an och kee vu City héiere wëllt: De Leroy Sané huet sech awer méi schwéier blesséiert, muss operéiert ginn a fält dowéinst e puer Méint aus - dat huet d’Sportszeitung"Kicker” gemellt. En Donneschdeg Owend huet den englesche Champion d’Blessur vum Sané dann och confirméiert.
Wéi et heescht, huet sech den däitschen Nationalspiller d’Kräizbänner am Knéi ugerass a muss dowéinst déi nächst Woch operéiert ginn.
An der lescht war eben een Transfert vum Sané bei d’Bayern Dauerthema an de Sportsnoriichten. Deemno wier den FCB bereet, eng Zomm vu ronn 100 Milliounen Euro op den Dësch ze leeën, fir hire Wonschspiller un d’Säbener Straße ze kréien.
Ob d’Bayern de Sané no dëser Hiobsbotschaft nach wëllen, bleift ofzewaarden. D’Transfertperiod geet nach bis den 2. September.
Serie Librairien (1): Den Alinea an der Beaumontsgaass besteet zanter 1995