Dammen-Nationalekipp huet no der Néierlag e Freideg géint Belsch e Samschdeg eng zweete Kéier géint eist Nopeschland gespillt. Um 16 Auer ass de Frëndschaftsmatch am Käerjenger Dribbel ugepaff ginn.
D’Ekipp ronderëm d’Kapitänin Tina Welter huet no der däitlecher 23:39-Defaite vun e Freideg, e Samschdeg een anert Gesicht gewisen. Et gouf zwar eng Defaite notéiert, mee mat enger ganz acceptabeler Differenz vu 5 Goler beim Resultat 21:26 fir eise belschen Noper.
Béid Matcher si virun allem dofir do gewiescht, sech op d’EM-Qualifikatioun, déi am Oktober wäert ufänken, ze preparéieren.