Mat 23 op 39 verléieren déi Rout Léiwinnen hire Match géint eis Noperen aus der Belsch. Schonn an der Paus ware si 18:9 hannen.

E Freideg den Owend huet am Handball déi Lëtzebuerger Dammen Nationalekipp e Preparatiounsmatch géint d'Belsch mat 23:39 verluer. D'Dammen vun Nationaltrainer Adrian Stot preparéiere sech op d'EM-Qualifikatioun, déi am Oktober wäert ufänken. Zu Nidderkuer waren déi Rout Léiwinnen an der Paus 9 op 18 hannen. Grad an der Defense konnten d'Lëtzebuergerinnen a béiden Hallschenten net iwwerzeegen, an der Attack hat een nom Säitewiessel eng Steigerung konnte gesinn.