PortraitLëtzebuerger Dan Lorang, Head of Innovation bei Bora-Hansgrohe

RTL Lëtzebuerg
No engem Bauingenieure- an Informatik-Studium huet den Dan Lorang Sportwëssenschafte studéiert an aus enger Passioun säi Beruff gemaach.
Dan Lorang vu Bora-Hansgrohe am Portrait
No engem Bauingenieure- an Informatik-Studium huet den Dan Lorang Sportwëssenschafte studéiert an aus enger Passioun säi Beruff gemaach.

De Lëtzebuerger Dan Lorang, deen zu München studéiert huet, ass iwwer e puer Statiounen elo Head of Innovation bei der Profi-Vëlosekipp vu Bora-Hansgrohe ginn. D’lescht Woch war den Trainer hei zu Lëtzebuerg an huet ob Initiativ vun der LIROMS an dem LIHPS e Virtrag iwwer den Training vu Sportler gehalen.

Den Dan Lorang ass net méi dacks hei zu Lëtzebuerg, déi lescht Woch war et eng vun de wéinege Méiglechkeeten, den Head of Innovation vun der Ekipp Bora-Hansgrohe, bei där ënnert anerem de Jempy Drucker an de Peter Sagan ënner Kontrakt stinn, ze begéinen. No engem Bauingenieure- an Informatik-Studium huet den Dan Lorang Sportwëssenschafte studéiert an aus enger Passioun säi Beruff gemaach.

De Lëtzebuerger war an Däitschland Landes- respektiv Bundestrainer am Triathlon an huet Sportler wéi d’Anne Haug an de Jan Frodeno un d’Weltspëtzt bruecht. Den nach relativ jonken Triathlonsport war a Struktur a Professionalitéit dem Vëlossport laang Joren et Schratt viraus.

Zanter enger gewësser Zäit ass all World-Tour-Ekipp verflicht, selwer professionell Trainer ze hunn an och wann de Sportwëssenschaftler ëmmer selwer Sport gemaach huet, sou war et am Ufank sécher net einfach, deen een oder aneren ze iwwerzeegen.

Momentan ass d’Klassiker-Saison voll am Gaangen an den Dan Lorang a seng Kollegen aus dem Staff vu Bora-Hansgrohe waarde gespaant ob d’Resultater vun hire Coureure. Ee Plang, dee jiddereen zum Erfolleg bréngt, gëtt et net. De Sportler gëtt haut dacks ganz individuell betreit an ouni deem säi Wëllen an Éiergäiz kann och dee beschten Trainer net vill maachen.

Back to Top
CIM LOGO