TriathlonLëtzebuerger Marc D'hooge neie President vu Europe Triathlon

RTL Lëtzebuerg
Den 22. Mäerz war de Kongress vu Europe Triathlon zu Istanbul, wou de Lëtzebuerger e Mandat fir 4 Joer krut.
© FLTRI

D’FLTRI, d’Lëtzebuerger Triathlon-Federatioun, huet an engem Schreiwes matgedeelt, dass hire Member Marc D’hooge den neie President vu Europe Triathlon ass. De Lëtzebuerger gouf den 22. Mäerz um Kongress vun der paneuropäescher Federatioun zu Istanbul fir 4 Joer gewielt.

Den D’hooge wäert mat dësem Mandat och Member am Conseil d’administration vu World Triathlon ginn.

Back to Top
CIM LOGO