
Leverkusen ass eng perfekt Gruppephas gegléckt. Den aktuelle Leader an der däitscher Bundesliga huet sech am Grupp H mam Maximum vun 18 Punkten aus 6 Matcher fir d'1/8-Finalle vun der Europa League qualifizéiert. Am leschte Match huet ee sech en Donneschdeg kloer mat 5:1 géint Molde behaapt, fir déi et an der Conference League weidergeet. Qarabag huet sech fir d’Playoffs vun der Europa League qualifizéiert.
De Lëtzebuerger Anthony Moris war en Donneschdeg och am Asaz. Hien huet als Golkipp a Kapitän seng Ekipp Union Saint-Gilloise zu enger 2:1-Victoire géint Liverpool, déi net mat hire beschte Spiller ugetruede sinn, gefouert. Fir Moris a Co geet et elo an der Conference League weider. Liverpool huet sech déi éischt Plaz am Grupp E geséchert an déi zweet ass fir Toulouse.
Spannend war et nach am Grupp C. D’Glasgow Rangers hu sech am leschte Match auswäerts mat 3:2 géint Betis Sevilla behaapt. Domadder sti si als Gruppenéischten an den 1/8-Finallen. Sparta Prag huet sech géint Limassol behaapt a steet an de Playoffs a Sevilla muss sech mat der Conference League zefridde ginn.
Am Grupp A muss Freiburg de Wee iwwert d’Playoffs goen, dat well ee mat 0:2 bei West Ham United de Kierze gezunn huet. D’Ekipp vun der Insel huet sech déi éischt Plaz an der Tabell geséchert.
An den Aachtelsfinalle stinn dann och nach Bighton & Hove Albion, Atalanta Bergamo, Villarreal a Slavia Prag. Fir d’Playoffs hu sech nach Olympique Marseille, Sporting CP, Stade Rennes an AS Roum qualifizéiert.
E Méindeg an der Mëttegstonn ass d’Auslousung vun der KO-Phas.