
E Sonndeg stoungen och nees e puer Lëtzebuerger Futtballer um Terrain. Hei huet ënnert anerem de Sébastien Thill mat Hansa Rostock géint St. Pauli gewonnen. Den Iwwerbléck vun all de Matcher fannt dir hei.
Eintracht Frankfurt - 1. FC Köln 1:1
1:0 Kamada (72'), 1:1 Thielmann (82')
Frankfurt kann och am 3. Match net gewannen a muss sech mat engem 1:1 géint Köln zefridden ginn. Déi éischt Hallschent hat wéineg Héichpunkten, béid Ekippen hu sech neutraliséiert a kaum eppes zougelooss. An der 71. Minutt huet eng engagéiert Frankfurter Ekipp dunn duerch de Kamada zougeschloen. Beim FC Köln stoung de Mathias Olesen fir déi éischte Kéier an der Starteelef vun de Geißböcke. De Lëtzebuerger ass beim 1:1-Gläichspill an der 75. Minutt fir den Duda ausgewiesselt ginn. Kuerz dorop ass den Ausgläich gefall. Frankfurt krut de Ball net gekläert an den Thielmann huet aus 18 Meter Volley zum Ausgläich markéiert. An der Schlussphas ass et nach emol hektesch ginn, et sollt sech awer näischt méi um Resultat änneren, sou dass béid Ekippe sech mam 1:1 mussen zefridden ginn.
VfL Bochum - Bayern München 0:7
0:1 Sané (4'), 0:2 de Ligt (25'), 0:3 Coman (33'), 0:4 Mané (43'), 0:5 Mané (59'), 0:6 Gamboa (Selbstgol, 69'), 0:7 Gnabry (76')
An der Owespartie tëscht dem VfL Bochum a Bayern München ass d’Lokalekipp nawell ferm ënnert d’Rieder geroden. No 4 Minutte louch de VfL duerch e Gol vum Leroy Sané scho mat 0:1 am Réckstand. Bochum huet emol guer net esou schlecht gespillt, allerdéngs waren d’Spiller vum Julian Nagelsmann virum Gol äiskal an hu quasi all Feeler vu Bochum direkt konnten ausnotzen, sou dass et an der Hallschent 0:4 aus der Siicht vun der Lokalekipp stoung. Och am zweeten Duerchgang war Bayern effizient an esou wanne si um Enn héichverdéngt mat 7:0 zu Bochum.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Bundesliga
Leeds United - FC Chelsea 3:0
1:0 Aaronson (33'), 2:0 Rodrigo (37'), 3:0 Harrison (69')
Kloer Victoire fir Leeds géint Chelsea. Dobäi war et an der Ufanksphas eng immens spannend an ausgeglache Partie, béi där béid Ekippe sech gutt Chancen erausgespillt hunn. Bannent 4 Minutten huet Leeds dunn nach virun der Paus zougeschloen. An et war de Mendy am Gol vun Chelsea, dee mat engem schroe Patzer Leeds quasi agelueden huet, fir a Féierung ze goen. No engem Réckpass wollt de Golkipp vun de Blues d’Situatioun spilleresch klären, wat awer komplett an d’Box gaangen ass, an esou huet den Aaronson de Ball stibitzt an den 1:0 fir Leeds geschoss. De Rodrigo huet virun der Paus op 2:0 erhéicht. No der Paus huet Chelsea nach emol alles versicht, mee spéitstens mam 3:0 duerch den Harrison war dës Partie entscheet. Leeds wënnt deemno kloer mat 3:0 géint Chelsea.
Newcastle United - Manchester City 3:3
0:1 Gündogan (5'), 1:1 Almiron (28'), 2:1 Wilson (39'), 3:1 Trippier (54'), 3:2 Haaland (60'), 3:3 Bernardo Silva (64')
City ass perfekt an de Match komm a louch séier duerch e Gol vum Gündogan a Féierung. Dono huet een d’Spill e bëssen aus der Hand ginn an et huet een Newcastle d’Spillkontroll iwwerlooss. Dës huet d’Lokalekipp virun den eegene Spectateuren dann och konnten ausnotzen an et ass ee mat enger 2:1-Féierung a d’Kabinne gaangen. Nom Säitewiessel huet den Trippier de Score op 3:1 erhéicht an et hätt ee kéinte mengen, dass City geschloe wier. Haaland a Silva hunn d’Citizens awer nees zeréckbruecht. Et sollt awer kenger Ekipp de Lucky Punch geléngen, sou dass de Match mat 3:3 op en Enn gaangen ass.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League
Racing Stroossbuerg - Stade Reims 1:1
1:0 Djiku (45+3'), 1:1 Balogun (81')
Stroossbuerg hat wuel méi vum Match, méi Ballbesëtz a louch och quasi eng ganz Hallschent a Féierung. Um Enn sollt Reims awer duerch de Balogun dach nach den Ausgläich markéieren. Domat ka Reims sech an dëser Saison iwwert déi éischt Punkte freeën, iwwerdeems Stroossbuerg da elo 2 um Konto huet.
HSC Montpellier - AJ Auxerre 1:2
1:0 Sakho (39'), 1:1 da Costa (70'), 1:2 Autret (75')
Lille - PSG 1:7
0:1 Mbappé (1'), 0:2 Messi (27'), 0:3 Hakimi (39'), 0:4 Neymar (43'), 0:5 Neymar (52'), 1:5 Bamba (54'), 1:6 Mbappé (66'), 1:7 Mbappé (87')
De PSG ass aktuell an enger excellenter Form - dat huet e Sonndeg den Owend och Lille ze spiere kritt. De PSG huet zolidd opgedréint an eng furiéis 7:1-Victoire gefeiert. Den Mbappé huet net nëmmen dräi Goler geschoss, mä huet mat sengem Gol no 8 Sekonne Geschicht geschriwwen. Esou séier hat nach keen e Gol an der Ligue 1 markéiert.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
Athletico Bilbao - FC Valencia 1:0
1:0 Berenguer (42')
Real Sociedad San Sebastian - FC Barcelona 1:4
0:1 Lewandowski (1'), 1:1 Isak (6'), 1:2 Demebelé (66'), 1:3 Lewandowski (68'), 1:4 Ansu Fati (79')
Perfekten Dag fir de Lewandowski bei sengem neie Veräin Barcelona. De Pol huet op sengem Gebuertsdag seng éischt Goler an engem offizielle Match fir Barca geschoss an domadder zur 4:1-Victoire bei Real Sociedad bäigedroen.