
Am engleschen FA Cup verléiert Arsenal no engem spéide Selbstgol géint Liverpool a Manchester City léisst mat engem 5:0 Succès näischt ubrennen. Fir Lens geet et no der Defaite géint Monaco am Eelefmeterschéissen an der Coupe de France net weider a fir Neapel hält den Negativ-Trend an der Serie A un.
Manchester City - Huddersfield 5:0
1:0 Foden (33'), 2:0 Alvarez (37'), 3:0 Bobb (58'), 4:0 Foden (65'), 5:0 Doku (74')
Ouni Problemer huet sech den aktuellen englesche Champion den Ticket fir déi nächst Ronn geséchert. Am Duell géint den Zweetligist aus Huddersfield huet ManCity de Match vun Ufank u bestëmmt a louch no 45 Minutten héich verdéngt mat 2:0 a Féierung. No der Paus gouf den Deckel dann dropgemaach.
Arsenal - Liverpool 0:2
0:1 Kiwior (80'), 0:2 Diaz (90+5')
No engem intensive Match ka sech Liverpool mat enger knapper Victoire fir déi nächst Ronn qualifizéieren. Schonn an der éischter Hallschent hu béid Ekippe vun Ufank un de Wee a Richtung Gol gesicht. Virun allem d’Gunners haten dobäi gutt Chancen a Féierung ze goen. No 45 Minutten ouni Goler hunn d’Spectateuren och am zweeten Duerchgang weider kee Gol ze gesi krut. Duerch en ongléckleche Selbstgol ass et dann zéng Minutte viru Schluss zum 0:1 fir d’Reds komm, deen zu dësem Zäitpunkt net ganz onverdéngt war. Trotzdeem batter fir d’Ekipp vun Arsenal, déi gutt am Match war an um Enn no engem weidere Géigegol an der leschter Zeen vun der Partie aus dem engleschen FA Cup flitt.
Empoli - AC Mailand 0:3
0:1 Loftus-Cheek (11'), 0:2 Giroud (31'), 0:3 Traoré (88')
Den AC Mailand huet mat enger Victoire géint Empoli déi drëtt Plaz weider geséchert. Schonn no 11 Minutte war et de Loftus-Cheek, deen d’Gäscht no enger staarker Ufanksphas verdéngt a Féierung brénge konnt. Duerch en Handspill gouf et dann no ronn 30 Minutten en Eelefmeter, deen de Giroud äiskal ënnert d’Lat gesat huet. No der Paus hu sech d’Mailänner dann ze passiv gewisen, wat den Haushären nach ee Mol Mutt ginn huet. Si hunn et ëmmer nees no vir probéiert an et och déi eng oder aner Kéier geféierlech virun de Gol gepackt. D’Beméiunge sollten allerdéngs net belount ginn, wéi den Traoré kuerz viru Schluss mam 3:0 d’Partie entscheet huet.
FC Turin - Neapel 3:0
1:0 Sanabria (43'), 2:0 Vlasic (52'), 3:0 Buongiorno (66')
Neapel muss sech mat 0:3 zu Turin geschloe ginn a steet elo no dräi Championnatsmatcher hannerteneen ouni Victoire op der 9. Tabelleplaz. Kuerz virun der Paus hat den FC Turin am Numm vum Sanabria den 1:0 geschoss. Kuerz nom Säitewiessel gouf et da mat der Rouder Kaart fir de Pasquale Mazzocchi den nächste Réckschlag fir d’Gäscht aus Neapel. Den Italiener war réischt virun zwee Deeg vu Salernitana transferéiert ginn a stoung no senger Awiesslung keng fënnef Minutten um Terrain. Neapel huet sech an Ënnerzuel net méi gewiert krut a verléiert d’Partie no zwee weidere Géigegoler.
Salernitana - Juventus 1:2
1:0 Maggiore (39'), 1:1 Iling-Junior (65'), 1:2 Vlahovic (90+1)
LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A
Lens - Monaco 2:2 - 7:8 (n.E.)
0:1 Ben Yedder (1'), 0:2 Akliouche (21'), 1:2 Maouassa (43'), 2:2 Sotoca (62')
Dramatesch war et e Sonndeg an der 9. Ronn vun der Coupe de France zu Lens. An der regulärer Spillzäit konnt de Gaascht aus Monaco duerch de Ben Yedder an den Akliouche fréi mat 2:0 a Féierung goen. Nach virun der Paus konnt de Maouassa dann awer verkierzen an d’Spannung am Match halen. Turbulent ass et dann nach eemol kuerz virun dem Wee an d’Vestiairë ginn. Hei krut den Trainer vu Lens, de Franck Haise, déi Rout Kaart gewisen, well hie sech iwwert e vermuttlechen Eelefmeter fir seng Ekipp opgereegt hat, deen den Arbitter net gepaff huet.
Nom 2:2 an der zweeter Hallschent ass et um Enn an d’Verlängerung gaangen, wou weiderhi kee Gewënner konnt ermëttelt ginn. Am Eelefmeterschéissen huet de Soungoutou Mangassa den decisiven Eelefmeter markéiert an den AS Monaco domat an déi nächst Ronn geschoss.
Thionville - Marseille 0:1
0:1 Aubameyang (62')
Pontarlier - Lyon 0:3
0:1 Cherki (45'), 0:2 Maitland-Niles (52'), 0:3 Lacazette (56')
Ferrol - FC Sevilla 1:2
0:1 Marcao (30'), 1:1 Manzanara (50'), 1:2 Juanlu (87')