
E Sonndeg huet Mamer vun der Néierlag vun de Musel Pikes profitéiert a sech duerch eng 90:80-Victoire géint de Gréngewald Hueschtert virzäiteg eng Plaz an der LBBL fir d’Saison 2024/25 geséchert. Mat 32 Punkten huet den Antunio Bivins am beschte getraff.
Um leschte Spilldag nächst Woch entscheet sech tëschent de Musel Pikes an de Kordall Steelers, wat fir eng Ekipp aus der LBBL erausfält a wien am Barrage géint den Drëtten aus der Nationale 2 untrëtt.