
Um leschte Spilldag an der Champions-League-Gruppephas ass et fir esou munch Veräiner ëm d’Weiderkomme fir an d’Aachtelsfinalle vun der Champions League respektiv fir an d’KO-Phas vun der Europa League gaangen. Dogéint hunn aner Veräiner just nach ëm d’gëllen Ananas gespillt, fir si waren d’Wierfel scho virun dësem Spilldag gefall.
Am Grupp A konnte sech d’Bayern géint Manchester United mat 1:0 duerchsetzen. D’Red Devils sinn op en Neits ganz schwaach opgetrueden a beleeën um Enn eng enttäuschend véierte Plaz am Grupp. Nieft de Bayern steet den FC Kopenhagen am nächsten Tour. D’Däne gewanne mat 1:0 géint Galatasaray. Fir d’Tierke geet et elo an der Europa League weider.
Am Grupp B stoung scho virun dësem Spilldag fest, wien an den Aachtelsfinalle vun der Champions League stoe géif. Souwuel d’PSV Eindhoven souwéi den FC Arsenal hu sech um 5. Spilldag schonn hiren Ticket fir deen nächsten Tour séchere kënnen. Am direkten Duell vu béiden Ekippe gouf et en Dënschdegowend kee Gewënner. Si trenne sech mat engem 1:1-Remis. Am direkten Duell fir déi drëtt Plaz konnt sech den RC Lens mat 2:1 géint den FC Sevilla behaapten. Domadder iwwerwanteren d’Fransousen an engem europäesche Championnat a spillen an Zukunft an der Europa League.
Am Grupp C gewannen déi zwee Gruppefavoritten hir Matcher, woumat si och den Ticket fir d’Aachtelsfinallen aléisen. Neapel gewënnt mat 2:0 géint Braga. Real Madrid gewënnt mat 3:2 géint Union Berlin. Fir d’Berliner ass déi europäesch Aventure domat op en Enn gaangen.
Am Grupp D war vu virera schonn entscheet, wien an der KO-Phas stoe géing. Am direkten Duell tëscht deenen zwou Ekippen, dem Inter Mailand a Real Sociedad, sollten allerdéngs kéng Goler falen. Si trenne sech mat 0:0. Benfica Lissabon geet eng 3:1-Victoire géint RB Salzburg duer, fir nach op déi drëtt Plaz ze klammen, soudatt d’Salzburger um leschte Spilldag op déi leschte Plaz katapultéiert ginn.
Manchester United - FC Bayern München 0:1
0:1 Coman (71')
D’Spectateure kruten zu Manchester eng relativ onspektakulär éischt Hallschent mat wéinege sportlechen Highlighten ze gesinn. D’Gäscht haten iwwert wäit Strecke vun den éischte 45 Minutten de Ball an hunn no Lächer an der géignerescher Defense gesicht, wougéint d’Red Devils Schwieregkeeten haten, fir iwwerhaapt an de Match ze fannen. Esou huet et bis an déi 24. Minutt gedauert, ier datt eng Formatioun geféierlech virun engem Gol opdauche konnt: Et war de Shaw, deen den Neuer mat engem Schoss aus der Distanz zu enger Parad gezwongen huet. Den däitschen Nationalgolkipp konnt de Ball allerdéngs ouni gréisser Problemer paréieren. Zwou Minutte méi spéit koumen d’Münchener Bayern zu hirer éischter Occasioun. Mä dem Musiala säi Schoss konnt am Strofraum vun engem Red Devil an de Corner deviéiert ginn. No enger gudder hallwer Stonn gouf et dunn déi lescht nennenswäert Chance an der éischter Hallschent, mä och de Sané konnt de Ball, no enger gudder Flank vum Coman, net am Gol ënnerbréngen. Mat engem 0:0 goufe béid Formatiounen dunn op den Téi geschéckt. Béid Formatiounen hate fir déi zweet Hallschent nach vill Loft no uewen.
Nom Téi ass d’Lokalekipp mat e bësse méi Zoch zum Gol opgetrueden. An der 49. Minutt huet de Wan-Bissaka de Ball fir de Bruno Fernandes ofgeluecht, deen aus aussiichtsräicher Positioun allerdéngs däitlech verzunn huet. Et war och de portugiseschen Nationalspiller, dee säi Gléck nees an der 54. Minutt mat engem Wäitschoss probéiert huet. Mä och dës Kéier huet de Bruno Fernandes de Gol vum Neuer mat sengem Schoss verfeelt. Duerno ass de Match op Säite vu Manchester ofgeflaacht an d’Bayern hu lues awer sécher nees d’Heft an d’Hand geholl. Esou konnten d’Gäscht an der 71. Minutt mat 1:0 a Féierung goen. Dëst nodeems de Kane de Coman schéin an Zeen gesat huet, soudatt de Fransous keng Problemer hat, fir de Ball zum 1:0 fir seng Faarwen am Gol ënnerzebréngen.
An der 83. Minutt hätt de Kane de Score op 2:0 setze kënnen, allerdéngs konnt den englesche Stiermer säi fulminante Kappball net cadréieren. Doropshin hunn d’Bayern de Match geréiert, ouni eppes ubrennen ze loossen, soudatt d’si de Match ouni gréisser Ustrengunge mat 1:0 gewanne konnten. Manchester United dogéint flitt no enttäuschender Leeschtung aus der Champions League eraus a schléisst déi international Saison op der véierter a leschter Plaz am Grupp of.
FC Kopenhagen - Galatasaray SK 1:0
1:0 Lerager (58')
PSV Eindhoven - FC Arsenal 1:1
0:1 Nketiah (42'), 1:1 Vertessen (50')
RC Lens - FC Sevilla 2:1
1:0 Frankowski (63', Eelefmeter), 1:1 Sergio Ramos (79', Eelefmeter), 2:1 Fulgini (90'+6)
SSC Neapel - Sporting Braga 2:0
1:0 Saatci (9', Eegegol), 2:0 Osimhen (33')
Union Berlin - Real Madrid 2:3
1:0 Volland (45'+1), 1:1 Joselu (61'), 1:2 Joselu (73'), 2:2 Kral (85'), 2:3 Dani Ceballos (89')
Inter Mailand - Real Sociedad 0:0
RB Salzburg - Benfica Lissabon 1:3
0:1 Di Maria (32'), 0:2 Rafa (45'+1), 1:2 Sucic (57'), 1:3 Cabral (90'+2)
Klickt hei, fir op d’Resultater vun der Champions League ze kommen.