
D’Co-Organisateuren Däitschland an Holland hunn hir Erwaardungen erfëllt a stinn an der Halleffinall vun hirer Heem-Weltmeeschterschaft. Oranje trëfft dobäi op den aktuellen Europameeschter, Olympiagewënner a Vize-Weltmeeschter Norwegen an d’Adlerinne kréien et mat Frankräich ze dinn. Däitschland, Holland an Norwegen hunn an dëser Kompetitioun nach kee Match verluer.
Fir Däitschland war d'30:23-Victoire géint Brasilien an der Véierelsfinall en historesche Moment. Si stinn eng éischt Kéier zënter 2007 an enger Halleffinall vun engem groussen Turnéier. Et ass och déi éischt Chance op eng Medail zënter 2007. Däitschland huet de Weltmeeschter vun 2013 virun allem duerch eng staark Defense dominéiert a war virum Gol äiskal.
Nieft Däitschland huet sech och Norwegen fir d’Halleffinall qualifizéiert. D’Skandinavierinne konnte sech ouni Problem 32:23 géint Montenegro duerchsetzen. Bei Norwegen war déi 45 Joer al Golkippesch Katrine Lunde, fir déi et déi lescht international Campagne wäert sinn, nees eng Kéier e Garant fir d’Victoire. Si steet och un der Spëtzt vum Klassement mat de meeschte Paraden. Och d’Golkippesche vun Däitschland an Holland si vir mat bäi.
Ungarn, dat an der Haaptronn Dänemark nach staark Paroli gebueden haten a sech just mat engem Gol huet musse geschloe ginn, huet géint de Co-Organisateur Holland kee Land gesinn. An der Rotterdamer Ahoy Arena stoung et e Mëttwochowend no 60 Minutten 28:23 fir Oranje, déi de Match kloer dominéiert hunn a virun den Ae vum Kinnek Willem-Alexander mat maximal 8 Goler vir louchen.
Frankräich huet sech vun der knapper Néierlag géint Holland gutt erholl a war Dänemark kloer iwwerleeën. Schonn an der Paus haten d’Franséisinne sech eng Avance vu fënnef Goler (17:12) erausgespillt. Danish Dynamite konnt nom Säitewiessel just kuerz opschléissen, duerno war d’Polver awer séier verschoss an um Enn war et eng kloer 26:31-Néierlag. Frankräich huet domat weider d’Méiglechkeet, säin Titel vun 2023 ze verdeedegen.
Däitschland an Norwegen musse sech fir d’Halleffinalle vun Dortmund op Rotterdam deplacéieren, wou dann e Freideg an e Sonndeg déi véier lescht Matcher vun der Weltmeeschterschaft ausgedroe ginn.