Champions LeagueNeapel géint Barcelona, Bayern géint Lazio a Leipzig géint Real Madrid

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg de Mëtteg war den Tirage vun den Aachtelsfinallen an der Champions League.
Tirage vun den Aachtelsfinallen an der Champions League
D’Matcher sinn ënner anerem Neapel géint Barcelona, Bayern géint Lazio a Leipzig géint Real Madrid.

Den Titelverdeedeger Manchester City kritt et mat Kopenhagen ze dinn, Neapel muss géint Barcelona untrieden, Leipzig huet mat Real Madrid e ganz schwéiert Lous erwëscht a Bayern München kritt et mat Lazio Roum ze dinn. Donieft sinn et d’Partië Porto géint Arsenal, Paräis géint Real Sociedad, Eindhoven géint Dortmund an Inter Mailand géint Atlético Madrid.

D’Matcher am Iwwerbléck

FC Porto - Arsenal London

SSC Neapel - FC Barcelona

Paris St. Germain - Real Sociedad

Inter Mailand - Atlético Madrid

PSV Eindhoven - Borussia Dortmund

Lazio Roum - Bayern München

FC Kopenhagen - Manchester City

RB Leipzig - Real Madrid

D’Aachtelsfinalle ginn tëscht dem 13. Februar an dem 13. Mäerz gespillt. Op RTL ZWEE kënnt Dir natierlech nees live mat dobäi sinn.

Back to Top
CIM LOGO