9. MeeNeien Datum fir d'Coupe-Finall am Futtball
Wéinst den Aarbechten, déi um Wuess vum Stade de Luxembourg musse gemaach ginn, gëtt d‘Coupe am nationale Futtball ëm 3 Wochen no vir verluecht.
Verëffentlecht: 13.12.23 20:15, Update: 03.12.25 17:29
Dat fält op donneschdes den 9. Mee.
D‘Halleffinallen hätten eigentlech op deem Dag solle sinn a ginn elo schonn den 1. Mee gespillt.
Deemno kéinten d'Aarbechten um Wuess, déi tëscht 8 an 12 Woche sollen daueren, no der Coupe-Finall ufänken.