
Den 51 Joer alen Hollänner hat en Donneschdeg gesot, datt hie wéilt mat “effet immédiat” dem Profi-Sport de Réck dréinen. Als Grond huet hie gesot, datt hie sech net méi esou konkurrenzfäeg géing spieren, wéi e sech dat vu sech selwer erwaarde géif. Um Freideg huet hie seng Meenung awer nees geännert. De “Barney” spillt elo awer nach weider a wëllt dann no der WM 2019 senger Karriär een Enn setzen.
En Donneschdeg den Owend hat hie géigeniwwer Sky erkläert, dass hien ophale géif, hien hätt ze vill Péng. Dem van Barneveld säi Manager, de Jaco Bodegom wollt dat awer net wouerhunn. Hie sot de “Barney” hätt zwou ustrengend Nuechte gehat an hien hätt aus den Emotiounen eraus dës Decisioun getraff. Hien hätt mat him geschwat an et wier ee sech eens, et wéilt een déi nächst Deeg de Kapp fräi kréien an iwwer d’Zukunft nodenken. Den Hollänner bleift dem Darts déi nächst Méint dann awer nach trei.
De van Barneveld huet tëscht 1998 an 2007 fënnef WM-Titele gewonnen, véier bei der BDO an ee bei der PDC. An der Véierelsfinall vun der PDC-WM 2009 huet den Hollänner Geschicht geschriwwen, wéi hien den éischten 9-Darter an der Geschicht vun der WM geheit huet.