
En Dënschdeg den Owend ass de Rémi Fabiani an der 1/2-Finall vun den 100-Meter-Fräistil bei der Schwamm-EM zu Paräis a senger Manche op déi 7. Plaz geschwommen an huet domat den Ticket fir d'Finall verpasst. Pro 1/2-Finall hu sech just déi zwou éischt Plazen direkt fir d'Finall qualifizéiert an déi rechtlech véier Plaze sinn un déi weider véiertséierst Zäite gaangen. Mat engem Chrono vun 48.66 Sekonnen ass dat fir de Lëtzebuerger Schwëmmer awer net duergaangen.
Um Dënschdegmoie war de Rémi Fabiani a senger Manche deen Éischte ginn an hat sech mat engem nationale Rekord vun 48.44 Sekonne fir d'1/2-Finalle qualifizéiert. Mat an der selwechter Manche war och de Ralph Daleiden Ciuferri, fir deen et mat enger Zäit vun 48.72 awer net fir eng Plaz an den 1/2-Finallen duergaange war.