"Gronk" hält opRob Gronkowski setzt ee Schlussstréch ënner seng NFL-Karriär

RTL Lëtzebuerg
Via Instagram huet an der Nuecht op e Méindeg ee vun de wuel beschten Tight Ends an der Geschicht vun der NFL säi Récktrëtt bekannt ginn.
© AFP

De Rob Gronkowski, dee gläich 30 Joer al gëtt, huet 9 Joer laang an der NFL fir d’New England Patriots gespillt an huet dobäi dräimol de Super Bowl gewonnen, dat un der Säit vum Star-Quarterback Tom Brady. D’Patriots hunn de knapp 2 Meter grousse Spiller am Joer 2010 un 42. Plaz am NFL-Draft gewielt.

De Gronkowski zielt op senger Positioun zu mat deene beschte Spiller, déi jee an der NFL gespillt hunn. De Gronkowski war awer net nëmme wéinst senger Spillweis um Feld beléift, mä och fir seng Aart a Weis nieft dem Feld.

A sengem Post huet hien dem Patriots-Besëtzer Robert Kraft an dem Coach Bill Belichick Merci gesot, fir d’Vertrauen, dat si him entgéintbruecht hunn. Vill vu sengen Teamkomeroden hunn iwwer d’sozial Netzwierker op säi Récktrëtt reagéiert.

En Highlight-Video vu senger Karriär

Back to Top
CIM LOGO