Lëtzebuerger Futtballer am AuslandRout Kaart fir de Vincent Thill bei Victoire vu Stockholm

RTL Lëtzebuerg
De Vincent Thill krut bei der Victoire vu Stockholm géint Norrköping an der 41. Minutt déi Rout Kaart. De Sébastien Thill gewënnt mat Hansa Rostock.
© Instagram AIK Solna

Bei der 4:2-Victoire vu Stockholm géint Norrköping an der Schweedescher Allsvenskan huet de Vincent Thill den 1:0 fir Stockholm virbereet. Dono war seng Ekipp déi, déi de Match dominéiert huet an et louch ee mat 3:0 a Féierung. An der 41. Minutt krut de Vincent Thill dunn awer déi Rout Kaart. An der Schlussphas ass de Match nach emol spannend ginn, Stockholm sollt sech awer duerchsetzen.

An der 2. däitscher Bundesliga huet sech de Sébastien Thill mat Hansa Rostock 2:0 géint St. Pauli duerchgesat. Béid Goler sinn an der Ufanksphas vum Match gefall. De Lëtzebuerger ass an der 80. Minutt fir den Duljevic ausgewiesselt ginn. Rostock huet no 5 Matcher elo 9 Punkten um Konto a steet op der 6. Plaz an der Tabell.

An der Hollännescher Eredivisie huet Sparta Rotterdam eng knapp 0:1-Néierlag géint Ajax Amsterdam missen astiechen. De Gol vum Dag huet de Bergwijn an der 37 Minutt markéiert. De Mica Pinto stoung op der Säit vu Sparta Rotterdam 90 Minutten um Terrain.

An der 1. Bundesliga ass et fir de Mathias Olesen zu enger Premiere komm. De jonke Lëtzebuerger am Dress vum 1. FC Köln stoung fir déi éischte Kéier a senger Karriär an der Starteelef vun de Kölner. No 75 Minutte war säin Aarbechtsdag beim Stand vun 1:0 fir Frankfurt dunn zu Enn. No 90. Minutte spille Frankfurt a Köln 1:1-Gläich. Den Detail iwwert de Match fannt dir an eisem Artikel vum Internationale Futtball.
An Éisträich huet an der 1. Bundesliga Austria Wien mam Marvin Martins 2:1 zu Wolfsberg gewonnen. De Lëtzebuerger Defenseur stoung 90 Minutten um Terrain. Austria Wien konnt um 5. Spilldag seng 2. Victoire feieren.

An der MLS an den USA huet den New York City FC auswäerts 2:0 géint Chicago Fire gewonnen. De Maxime Chanot stoung de ganze Match um Terrain.

Samschdeg

An der 3. däitscher Liga stoung de Laurent Jans bei sengem éischte Match fir säin neie Veräin Waldhof Mannheim direkt an der Startformatioun. Mannheim huet d’Partie géint déi 2. Ekipp vun Dortmund gedréint an um Enn verdéngt mat 2:1 gewonnen. De Laurent Jans huet ee Gol virbereet an ass an der 76. Minutt ausgewiesselt ginn.

Eng weider Victoire gouf et an der Bundesliga fir Mainz an de Leandro Barreiro zu Augsburg, wou ee sech verdéngt mat 2:1 duerchsetze konnt. De lëtzebuergeschen Nationalspiller ass an der 88. Minutt agewiesselt ginn a stoung domat beim decisive Gol vu Mainz um Terrain.

An der zweeter Liga an der Tierkei gouf et fir Eyüpspor en 1:1-Remis bei Samsunspor. D’Ekipp vum Olivier Thill, deen net am Kader war, steet domat no zwee Matcher bei 4 Punkten.

An der zweeter portugisescher Liga konnt Vilafranquense sech mat 3:1 bei Trofense duerchsetzen. Den Eric Veiga stoung dobäi wéi gewinnt déi 90 Minutten iwwer um Terrain. Seng Ekipp steet domat no dräi Matcher bei 6 Punkten.

Freideg

Borussia Mönchengladbach huet och deen zweeten Heematch an dëser Saison gewonnen. E Freideg den Owend hu sech d’Fohlen knapp mat 1:0 géint Hertha BSC duerchgesat - och wa just ee vun zwee Eelefmetere souz. De Plea hat an der 34. Minutt den decisive Gol markéiert. D’Hertha war vun der 69. Minutt un an Ënnerzuel. Den Uremovic war mat Giel-Rout vum Terrain gesat ginn.

De Lëtzebuerger Yvandro Borges souz bei Gladbach de ganze Match op der Bänk.

Den Detail vun der Bundesliga fannt Dir hei.

Gespillt huet e Freideg den Owend awer den Danel Sinani an der englescher Championship. Fir de Kont vum 5. Spilldag konnt sech de Lëtzebuerger mat senger Ekipp Norwich City iwwert eng 2:0-Victoire géint Millwall freeën. De Sinani stoung an der Startopstellung, huet den 1:0 vum Sargent an der 50. Minutt preparéiert an huet déi 90 Minutten duerchgespillt.

Back to Top
CIM LOGO