
Déi blo Kaart am Futtball kënnt bis op Weideres net, dat hunn déi Responsabel vun der Internationaler Futtballfederatioun jo decidéiert. Eng Fro, déi sech awer nach ëmmer gestallt gëtt, ass, ob een am Futtball net eng Zäitstrof fir d’Spiller aféiert, wéi zum Beispill am Handball, wann ënnert anerem ze vill mam Arbitter diskutéiert gëtt. De Charel Schaack, Responsabele vun de Lëtzebuerger Futtballarbitter bei der FLF seet, datt dat schonn en Thema ass.
Bei ze heftegen Diskussioune vun de Spiller mam Arbitter huet de Mann mat der Päif elo schonn d’Méiglechkeet, d’Giel Kaart ze weisen, an am Widderhuelungsfall esouguer déi Giel-Rout. Eng aner Fro déi sech stellt, ass, ob, wéi am Rugby zum Beispill, just nach de Kapitän mam Arbitter däerf schwätzen.