Internationale FuttballSouverän Victoirë fir Arsenal a Real Madrid

RTL Lëtzebuerg
Donieft konnt Lyon och géint Lens kee Punkt mathuelen an Newcastle United huet sech géint Manchester United duerchgesat.
© AFP

An der Bundesliga konnt sech ënner anerem Leipzig géint Heidenheim behaapten, wärend Mönchengladbach Hoffenheim geklappt huet.

Premier League

FC Arsenal - Wolverhampton Wanderers 2:1
1:0 Saka (6'), 2:0 Ødegaard (13'), 2:1 Cunha

No der Muechtdemonstratioun géint Lens ënnert der Woch huet Arsenal och géint d’Wolves dominéiert a séier fir kloer Verhältnisser gesuergt. Laang huet sech dunn näischt méi gedoen, bis de Cunha kuerz viru Schluss nach den Uschloss fonnt huet. D’"Gunners” hunn dunn nach eemol missen zidderen, ma um Enn konnt ee sech déi 3 Punkte sécheren an domat d’Tabelleféierung verdeedegen.

Newcastle United - Manchester United 1:0
1:0 Gordon (56')

Newcastle United konnt vun enger schwaacher zweeter Hallschent vu Manchester United profitéieren an duerch de Gordon den entscheedende Gol markéieren. D’Lokalekipp zitt an der Tabell domat laanscht d’"Red Devils” op Plaz 5, kann awer um Sonndeg nach op Plaz 6 falen.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Premier League

Serie A

Lazio Roum - Cagliari Calcio 1:0
1:0 Pedro (8')

AC Mailand - Frosinone Calcio 3:1
1:0 Jovic (43'), 2:0 Pulisic (50'), 3:0 Tomori (74'), 3:1 Brescianini (82')

D’Spectateuren am San Siro hunn eng ausgeglachen éischt Hallschent ouni vill Occasioune gesinn, ma kuerz virum Téi konnt de Jovic d’Lokalekipp a Féierung bréngen. An och direkt nom Säitewiessel waren d’"Rossoneri” hellwaakreg an hunn duerch de Pulisic direkt een dropgesat. Den Tomori huet eng Véierelsstonn viru Schluss fir d’Decision géint dee staarken Opsteiger Frosinone gesuergt, soudass den AC Mailand Plaz 3 an der Tabell verdeedegt.

LINK: Den Iwwerbléck vun der Serie A

Ligue 1

RC Lens - Olympique Lyon 3:2
0:1 O’Brien, 1:1 Said (26'), 2:1 Frankowski (52', Eelefmeter), 2:2 O’Brien, 3:2 Frankowski (74')

Lyon wollt vun der héijer Néierlag vu Lens géint Arsenal profitéieren an ass séier a Féierung gaangen. Ma an der Suite huet sech gewisen, firwat den Traditiounsveräin den Ament op der leschter Plaz läit. Obwuel een den Trainer Grosso entlooss huet, konnten d’Gäscht och zu Lens no Féierung um Enn keng Punkte mathuelen. Domat bleift Lyon Tabelleleschte mat engem Réckstand vu 4 Punkten op d’Relegatiounsplaz.

FC Nantes - OGC Nice 1:0
1:0 Mollet (25')

LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1

La Liga

FC Girona - FC Valencia 2:1
0:1 Duro (56'), 1:1 Stuani (82'), 2:1 Stuani (88')

Girona konnt d’Partie géint Valencia spéit dréinen an domat déi zweet Tabelleplaz verdeedegen. Déi katalanesch Ekipp louch zwar laang a Réckstand, ma den agewiesselte Stuani huet senger Ekipp um Enn awer nach déi 3 Punkte geséchert, woumat d’Iwwerraschungsekipp vun der spuenescher Liga punktgläich mam Tabelleleader Real Madrid bleift.

Real Madrid - FC Granada 2:0
1:0 Brahim (26'), 2:0 Rodrygo (57')

An enger chancenaarmer Partie konnt Real Madrid mam éischten Ofschloss vum Match duerch de Brahim a Féierung goen. Och an der Suite hunn d’Madrilenen d’Kontroll iwwer d’Spill behalen, ma béid Ekippe si weider relativ harmlos bliwwen. No enger knapper Stonn huet de Rodrygo dunn den 2:0 markéiert a fir d’Virentscheedung gesuergt. Granada ass offensiv weider näischt agefall, soudass Real Madrid d’Tabelleféierung verdeedege kann.

CA Osasuna - Real Sociedad 1:1
1:0 Gomez (2'), 1:1 Sadiq (41')

LINK: Den Iwwerbléck vun der La Liga

Back to Top
CIM LOGO