WantersportSturla Holm Laegreid gewënnt de Gesamtweltcup

RTL Lëtzebuerg
Virum Massenstart e Sonndeg ass den Titel dem Norweger net mei ze huelen.
© AFP

Am Biathlon stoung e Samschdeg bei den Hären déi leschte Poursuite vun der Saison um Programm. Hei huet sech de Johannes Thingnes Bö, deen no der Saison ënnert seng formidabel Karriär e Stréch zitt, just dem Sturla Holm Laegreid misse geschloe ginn. Béid Athlete sinn zäitgläich un dat lescht Schéisse komm. Hei sollt de Sturla Holm Laegreid awer déi besser Nerve behalen a gewënnt um Enn net nëmmen d’Poursuite, mee och de Gesamtweltcup.

Bei den Dammen huet d’Franziska Preuß hire giele Maillot 1 Course virun Enn un d’Gewënnerin vun der Poursuite d’Lou Jeanmonnot aus Frankräich missen ofginn. Hannert dem Lou Jeanmonnot klasséieren sech an der Verfollgung d’Schweedin Elvira Öberg an d’Lena Häcki-Gross aus der Schwäiz. Domat entscheet sech e Sonndeg am Massestart wien de Gesamtweltcup bei den Damme wäert gewannen.

Back to Top
CIM LOGO