
An der Tierkei huet de Gerson Rodrigues mat Sivasspor 1:0 géint Istanbulspor gewonnen. De Lëtzebuerger gouf an der 46. Minutt agewiesselt a stoung um Terrain, wéi säin Teamkolleeg Manaj an der 86. Minutt den entscheedende Gol markéiert huet. An der Tabell läit Sivasspor mat 21 Punkten op der 10. Plaz. Op déi 4. Plaz feele Rodrigues a Co. awer just 5 Punkten.
Union Saint-Gilloise ass an der Belsch weiderhi souverän un der Tabellespëtzt. Zu Eupen huet d’Ekipp vum Anthony Moris sech mat 2:1 behaapt. De Golkipp stoung wéi gewinnt de ganze Match um Terrain.