Sträit mat saudeschen AutoritéitenTierkesch Supercup-Finall tëschent Fenerbahce a Galatasaray ofgesot

RTL Lëtzebuerg
Hannergrond ass wuel eng kontrovers Entscheedung vun de saudeschen Autoritéiten, déi fir Onmutt bei de Veräiner an hire Supportere gesuergt huet.
© Esra Bilgin / Anadolu via AFP

Am Kader vun de genee 100 Joer, déi zanter der Staatsgrënnung vun der Tierkei vergaange sinn, wollten d’Spiller vun den zwee Istanbuler Clibb sech mat T-Shirte waarm maachen, op deenen de Mustafa Kemal Atatürk, éischte President vun der moderner Tierkei, drop ze gesinn ass. Tierkesche Medien no sollen déi saudesch Autoritéiten dëst awer ënnersot hunn, wouropshi béid Ekippe refuséiert hunn, den Hotel ze verloossen.

Och ass rieds vun engem Atatürk-Banner mat sengem berüümten Zitat “Fridden an der Heemecht, Fridden op der Welt”, mat dem d’Spiller op den Terrain alafe wollten, awer net vun de Saudiaraber zougelooss gouf. E Freideg um 18.45 Auer eiser Zäit hätt de Match sollen ugepaff ginn.

Kontrovers Diskussioune ronderëm dëse Match an de Fait, datt en a Saudi-Arabie gespillt gëtt, gouf et schonn am Virfeld. Och si Gerüchter zirkuléiert, déi saudesch Autoritéiten hätten d’Ofspille vun der tierkescher Nationalhymn verbueden, den tierkesche Futtballverband huet dëst awer dementéiert.

Back to Top
CIM LOGO