Basketball-ChampionnatWalfer klappt de Champion Ettelbréck, Diddeleng geet zu Steesel ënner

RTL Lëtzebuerg
De Weekend gouf an der Enovos League bei den Hären den 6. Spilldag gespillt.

Hären

D’Amicale Steesel huet doheem géint den T71 Diddeleng ganz staark ugefaangen a louch nom éischte Véierel 35:14 a Féierung. Den Alex Laurent a Co. hunn de Rhythmus héich gehalen an de Virsprong bis zur Paus op 56:32 erhéicht. Trotz dem Comeback vum Ivan Delgado no senger Verletzungspaus konnt Diddeleng keng Reaktioun méi weisen an huet um Enn iwwerraschend kloer mat 55:100 verluer. Bei der Lokalekipp huet den Alex Laurent mat 29 Punkten iwwerzeegt, de Malcolm Richardson konnt 24 Punkten zur klorer Victoire vu Steesel bäisteieren.

Um Sonndeg huet Diddeleng matgedeelt dass den Trainer Christophe Ney an de Club getrennte Weeër ginn.

De Resumé vum Match Steesel géint den T71 Diddeleng bei den Hären
D’Häre vun Diddeleng si mat enger Differenz vu 45 Punkten zu Steesel ënnergaangen

D’Sparta bleift als eenzeg Ekipp ongeschloen. D’Gäscht vu Bartreng setze sech mat 103:93 bei de Kordall Steelers duerch. Den Jarvis Williams war eemol méi beschte Scorer mat 25 Punkten a gouf vum Nationalspiller Max Logelin mat 24 Punkten ënnerstëtzt. Fir d’Steelers huet mam Andre Snoddy en neie Profispiller agéiert.

Weiderhin ouni Victoire ass den AB Conter, d’Gäscht verléieren 62:84 zu Esch. Schonn nom éischte Véierel louch d’Lokalekipp 31:13 a Féierung. 25 Punkten goungen op de Kont vum Jordan Hicks beim Basket Esch.

En enke Match hunn d’Zuschauer op der Musel gesinn. D’Arantia Fiels setzt sech um Enn 96:92 géint d’Pikes duerch. De Michael Anthony Carter hat 34 Punkten um perséinleche Kont stoen a konnt och fir spektakulär Aktiounen am Match suergen.

Um Sonndeg wënnt de Racing Lëtzebuerg mat 97:79 zu Mamer. D’Ekipp aus der Haaptstad louch an der Paus 43:51 am Réckstand, konnt d’Partie no der Paus allerdéngs dréinen. De leschte Véierel huet d’Ekipp vum Trainer Adam Radomirovich mat 23:5 fir sech entscheet. 28 Punkte goungen op de Kont vum Antunio Bivins. Fir de Racing war et déi zweet Victoire des Saison, Mamer huet no 6 Spilldeeg eng Victoire an der Tabell.

De Resumé vun der Partie Mamer - Racing
D’Gäscht konnte sech um Enn kloer duerchsetzen.

Bei der Résidence Walfer huet de Rainer Kloss säin Debut op der Trainerbänk gefeiert. De Wiessel huet zumindest am éischte Match Friichte gedroen, Walfer setzt sech an engem enke Match mat 87:77 géint de Champion Etzella duerch. De John Slajchert konnt mat 32 Punkten iwwerzeegen, 17 Punkten goungen op de Kont vum Nationalspiller Oliver Vujakovic.

Dammen

Bei den Damme gouf de komplette 6. Spilldag um Samschdeg gespillt. Den T71 Diddeleng bleift ongeschloen an huet domat géint all Géigner aus der Enovos League schonn eemol gewonnen. Zu Steesel gouf den T71, deen ouni d’Profispillerin Lauren Van Kleunen ugetrueden ass, allerdéngs bis zum Schluss gefuerdert, well d’Lokalekipp am leschte Véierel nach emol geféierlech no erukomm ass. Um Enn wënnt Diddeleng 72:68, dat ënner dem Impuls vum
Shalonda Winton, si konnt 23 Punkte markéieren.

De Resumé vum Match Steesel géint T71 Diddeleng
D’Damme vun Diddeleng konnte sech zu Steesel knapp op véier Punkten duerchsetzen

Keng Schwieregkeeten hat d’Sparta Bartreng, fir sech auswäerts mat 91:57 géint d’Musel Pikes ze behaapten. D’Jordan King (20 Punkten, 10 Rebounds, 9 Assists) huet just knapp en “triple double” verpasst an d’Gäscht hu mat engem staarke Kollektiv iwwerzeegt. D’Lokalekipp vun der Musel bleift domat ouni Victoire.

Tëschent dem Basket Esch an dem AB Conter stoung et no 30 Minutte 56:56 gläich. Am leschte Véierel huet Esch awer de Rhythmus fonnt, eng staark Jovana Jaksic (33 Punkten) huet dofir gesuergt, dass d’Lokalekipp dës Partie mat 83:71 gewanne konnt.

Back to Top
CIM LOGO