Aus dem nationale Basket ass et d'Nouvelle, datt de Christophe Ney net méi Trainer vum T71 Diddeleng ass.

Domat trenne sech de Club aus der Forge du Sud an hire Coach "d‘un commun accord", dat een Dag no der 55 op 100 Néierlag zu Steesel. Een Nofollger soll an den nächsten Deeg annoncéiert ginn.

D'Ekipp huet d'Saison mat 4 Victoiren an 2 Defaiten ugefaangen. Nächsten Donneschdeg steet d'Véierelsfinall an der Coupe géint d'Etzella Ettelbréck um Programm.

De Christophe Ney souz eréischt vun dëser Saison un op der Bänk zu Diddeleng.

Et ass den zweeten Trainerwiessel des Saison an der Enovos League bei den Hären, d'Residence Walfer hat sech virun enger Woch vum Dragan Stipanovich getrennt, de Rainer Kloss huet säi Posten iwwerholl.