
De Gewënner vum Match Georgien géint Lëtzebuerg spillt an där Finall géint de Gewënner vum Match Griicheland géint Kasachstan ëm eng Plaz op der EM.
Georgien huet ronn 3,7 Milliounen Awunner, dat op enger Fläch vu 57.215 km². D’Land grenzt u Russland, d’Tierkei, Armenien an den Aserbaidjan. De Futtball ass mat eng vun de beléiftste Sportaarten a Georgien.

D’nämmlecht wéi Lëtzebuerg huet Georgien sech bis elo awer nach ni fir eng Europameeschterschaft qualifizéiert. Deemno ass de Match fir d’Georgier wuel esou historesch wéi fir d’Rout Léiwen.
An der EM-Qualifikatioun koumen d’Georgier an enger Grupp mat Spuenien, Schottland, Norwegen an Zypern op déi véierte Plaz mat 8 Punkten. An der Nations League waren d’Georgier méi erfollegräich. An der Liga C si si an hirer Grupp ongeschloe bliwwen, dat an enger Grupp mam Nordmazedonien, Bulgarien a Gibraltar. Domat si si och an d’Liga B opgestigen.
Wann ee sech de Kader vun de Georgier ukuckt, da spréngt engem virun allem ee ganz prominenten Numm an d’A an zwar dee vum Khvicha Kvaratskhelia. De Spiller vum SSC Neapel ass 80 Milliounen Euro wäert a gehéiert zu de beschte Spiller weltwäit. Gutt Nouvelle fir d’Rout Léiwen ass awer, dass de Georgier fir de Match géint Lëtzebuerg gespaart ass, well hien am leschten EM-Qualifikatiounsmatch géint Spuenien seng drëtt giel Kaart kritt hat.

Nieft dem Khvicha Kvaratskhelia ginn et nach zwee, dräi Spiller, déi méi bekannt sinn. Am Gol steet nämlech den Giorgi Mamardashvili, dee fir den FC Valencia an der héchster spuenescher Liga spillt. Och de Georges Mikautadze, dee beim FC Metz spillt, dierft deem een oder anere Futtballfan e Begrëff sinn, genau wéi den Giorgi Chakvetadze vum FC Watford.
De Rescht vum Kader ass gréisstendeels d’nämmlecht anzeschätze wéi dee vun de Roude Léiwen. Wann een e Bléck op d’Trainersituatioun geheit, liest een och nees e prominenten Numm an zwar dee vum Fransous Willy Sagnol. De fréiere franséischen Nationalspiller a fréiere Bayern-Spiller ass zanter Februar 2021 Trainer vun der Nationalekipp. An 31 Matcher gouf et 14 Victoiren, 2 Remisen an 12 Néierlagen.
