
De VfL Wolfsburg huet déi grouss Chance op eng Nuecht un der Tabellespëtzt an der Bundesliga verspillt. Eng Victoire bei der Fortuna vun Düsseldorf hätt fir de Veräin aus Niedersachsen virleefeg déi 1. Plaz an de beschte Start an d’Saison an hirer Veräinsgeschicht bedeit. Dorausser ass um Enn awer näischt ginn, well een trotz de bessere Chancen net iwwert een 1:1 erauskomm ass. An der 17. Minutt war Düsseldorf duerch den Niko Gießelmann a Féierung gaangen an der 29. Minutt hat de Wout Weghorst ausgeglach.
LINK: D’Bundesliga am IwwerbléckAn der Ligue 1 a Frankräich huet Lille e Freideg den Owend mat 2:1 géint Angers gewonnen. D’Ekipp vum Gérard Lopez huet duerch Goler vum Osimhen an der 39. Minutt an dem Luiz Araujo an der 53. Minutt de Match fir sech entscheet.
RTL-Artikel: Lëtzebuerger Futtballer am AuslandDonieft hunn nach Amiens an Olympique Lyon fir de Kont vum 5. Spilldag 2:2 gläichgespillt. Amiens war schonn no 7. Minutten duerch e Gol vum Jallet a Féierung gaangen. Lyon ass nëmmen 2 Minutte méi spéit d’Reaktioun gelongen. Den Dembélé huet op 1:1 ausgeglach. An der 34. Minutt huet hien duerch e weidere Gol seng Faarwe mat 2:1 a Féierung bruecht. Amiens ass duerch e Gol vum Bodmer an der Nospillzäit nach eng Kéier zeréckkomm, sou datt et an der Partie um Enn kee Gewënner gëtt.
LINK: Den Iwwerbléck vun der Ligue 1
