Giro d'Italia: 13. EtappAlberto Bettiol wënnt zu Verbania no Attack aus Echappée eraus, General onverännert

RTL Lëtzebuerg
Op der 13. Etapp hat sech den Italieener Albert Bettiol an der leschter Montée vum Spëtzegrupp ofgesat a sech d'Dagesvictoire dann net méi huele gelooss.
XDS Astana Team Italian rider Alberto Bettiol celebrates as he crosses the finish line to win the 13th stage of the Giro d'Italia 2026 - Tour of Italy cycling race between Alessandria and Verbania, Italy, on May 22, 2026.
Den Alberto Bettiol ass eleng op der Arrivée zu Verbania ukomm.
© AFP

E Freideg stoung beim Giro d'Italia déi 13. Etapp um Programm. No 189 Kilometer war et um Enn zu Verbania den Alberto Bettiol, deen op der Arrivée d'Äerm an d'Luucht strecke konnt. Den Italieener hat sech an der leschter Montée ronn 13 Kilometer viru Schluss mat enger gelongener Attack aus dem Spëtzegrupp ofgesat a war dann en solitaire ukomm, dat mat engem Ecart vu 26 Sekonnen op den Norweger Andreas Leknessund a 44 Sekonnen op de Belsch Jasper Stuyven.

Am General bleift de Portugis Afonso Eulalio de Leader. Hannendru bleift den Ecart vum Jonas Vingegaard (+0:33 Minutten) a vum Thymen Arensman (+2:03) onverännert.

Top10 vun der 13. Etapp

1. BETTIOL Alberto 3:51:33
2. LEKNESSUND Andreas 0:26
3. STUYVEN Jasper 0:44
4. VALGREN Michael ,,
5. DONOVAN Mark ,,
6. KENCH Josh ,,
7. BJERG Mikkel 1:33
8. BUSATTO Francesco 1:35
9. HOELGAARD Markus ,,
10. SEVILLA Diego Pablo ,,

Generalklassement

1. EULALIO Afonso 52:15:17
2. VINGEGAARD Jonas 0:33
3. ARENSMAN Thymen 2:03
4. GALL Felix 2:30
5. O'CONNOR Ben 2:50
6. HINDLEY Jai 3:12
7. STORER Michael 3:34
8. GEE-WEST Derek 3:40
9. PELLIZZARI Giulio 3:42
10. HARPER Chris 4:15

Artikel vum 21. Mee 2026

Back to Top
CIM LOGO