Giro d'Italia: 12. EtappAlec Segaert wënnt no spéider Attack

RTL Lëtzebuerg
Den Alec Segaert huet en Donneschdeg déi 12. Etapp vum Giro d'Italia gewonnen.
Bahrain - Victorious Belgian rider Alec Segaert celebrates as he crosses the finish line to win the 12th stage of the Giro d'Italia 2026 - Tour of Italy cycling race between Imperia and Novi Ligure, Italy, on May 21, 2026.
Alec Segaert feiert Victoire am Giro d'Italia
© AFP

En Donneschdeg konnt sech den Alec Segaert duerch eng spéit Attack d'Victoire op der 12. Etapp vum Giro d'Italia sécheren. De Belsch hat dräi Kilometer virun der Arrivée déi decisiv Attack gesat a konnt sech aus dem deziméierte Peloton ofsetzen. Um Enn huet hien et eleng bis op d'Arrivée gepackt a konnt sech feiere loossen. Dräi Sekonnen hannert dem Belsch ass säi Landsmann Toon Aerts op déi zweete Plaz gesprint. Op déi drëtte Plaz ass den Uruguayer Orluis Aular gefuer.

Den Afonso Eulálio bleift am Rosa Trikot vum Leader. De Portugis huet eng Avance vun 33 Sekonnen op den Dän Jonas Vingegaard. Drëtten ass den Hollänner Thymen Arensman op zwou Minutten an dräi Sekonnen.

D'Resultater vun der Etapp

1 Segaert Alec Bahrain - Victorious 3:53:00
2 Aerts Toon Lotto Intermarché 0:03
3 Silva Guillermo Thomas XDS Astana Team ,,
4 Vernon Ethan NSN Cycling Team ,,
5 Stuyven Jasper Soudal Quick-Step ,,
6 Aular Orluis Movistar Team ,,
7 Mihkels Madis EF Education - EasyPost ,,
8 Narváez Jhonatan UAE Team Emirates - XRG ,,
9 Zambanini Edoardo Bahrain - Victorious ,,
10 Løland Sakarias Koller Uno-X Mobility ,,

De General

1 Eulálio Afonso Bahrain - Victorious 20 18″ 48:10:38
2 Vingegaard Jonas Team Visma | Lease a Bike 20″ 0:33
3 Arensman Thymen Netcompany INEOS 4″ 2:03
4 4 - Gall Felix Decathlon CMA CGM Team 12″ 2:30
5 5 - O'Connor Ben Team Jayco AlUla 4″ 2:50
6 6 - Hindley Jai Red Bull - BORA - hansgrohe 4″ 3:12
7 7 - Storer Michael Tudor Pro Cycling Team 3:34
8 8 - Gee-West Derek Lidl - Trek 3:40
9 9 - Pellizzari Giulio Red Bull - BORA - hansgrohe 4″ 3:42
10 10 - Harper Chris Pinarello Q36.5 Pro Cycling Team 4:15

Back to Top
CIM LOGO