Tour de FranceBob Jungels gouf vun Ambulanz ugestouss

RTL Lëtzebuerg
De Profi vun Deceuninck-Quick-Step hat allerdéngs Gléck am Ongléck an huet sech net schlëmmer blesséiert.
Reaktioun vum Bob Jungels
Op der 15. Etapp hat de Bob Jungels d’Gléck net op senger Säit.

Fir de Bob Jungels ass déi 15. Etapp e Sonndeg am Tour de France alles anescht wéi gutt verlaf. De Lëtzebuerger Champion ass um Wee fir bei déi lescht Schwieregkeet vum Dag nämlech vun enger Ambulanz ugestouss ginn. De Bob Jungels war deen Ament schonn ofgehaange ginn an d’Gefier war um Wee no vir, wéi et de Coureur ze pake kritt huet.

De Bob Jungels ass gefall, ma konnt awer weiderfueren an huet sech net schlëmmer blesséiert.

Fir de Coureur vun Deceuninck-Quick-Step war et net deen eenzegen Tëschefall op der 15. Etapp. Méi fréi am Dag hat de Lëtzebuerger eng Chute vum kolumbianesche Meeschter Sergio Higuita verursaacht, dee kuerz drop d’Course huet missen opginn.

LINK: Klickt hei, fir op den Artikel mam Resumé vun der 15. Etapp ze kommen

Back to Top
CIM LOGO