No der Nouvelle, dass déi franséisch Ekipp géif ophalen, huet et schlecht fir en neie Profikontrakt ausgesinn, mee net nëmmen dofir.
“Dobäi ass komm, dass zwou aner Ekippe fusionéiert hunn. Dat heescht, wann een de Compte mécht, sinn et 80 Plazen am Profi-Peloton an der World Tour. Do war et natierlech ganz schwéier, fir dëst Joer eng Plaz ze kréien.”
Bei enger klenger Kontinentalekipp wollt de Michel Ries net méi weidermaachen. Den 27 Joer alen Allrounder wollt net ëm all Präis d’Sacrificë vum professionelle Sport op sech huelen. Ma och no enger OP un der Arterie an enger Chute lescht Joer beim Giro zitt de Michel Ries e positiven Bilan.
“Wann elo mat e bëssen Distanz, mat e bësse Recul realiséiert een dat méi, dass et trotzdeem e super Privileeg war. Ech mengen, duerch d’ganz Welt ze reesen, fir Vëlo ze fueren. Mir konnten an Australien goen, Amerika, Kanada a China. Ech mengen, et ass ee Privileeg, déi beschten Courssen op der Welt a Grand-Touren ze fueren. Ech hat d’Méiglechkeet, mat op d’Olympesch Spiller ze goen, 2021 zu Tokio, wat och eng super, super Erfarung war.”
De Michel Ries ass dräi Mol d’Vuelta an dräi Mol de Giro gefuer. Als rouegen Coequipier huet hie sech awer ni wéinst senge Verdéngschter opgespillt. Den Dippecher huet einfach säin Job mat Passioun gemaach a wäert och dat nächst Kapitel mat voller Motivatioun ugoen.
“D’Liewen ass nach net eriwwer no der Vëloskarriär an ech hunn elo decidéiert, e Studium unzefänken am Beräich Ekonomie. An dat ass e bëssen de Plang, fir déi nächst Méint. Mech do drop ze konzentréieren an da gesinn ech, wat et soss nach vill Méiglechkeete ginn iwwert déi nächst Joren.”
De Michel Ries huet d’Lëtzebuerger Faarwe sechs Joer am professionelle Vëlossport vertrueden. Et hätt een dem sympathesche Lëtzebuerger der awer e puer méi gewënscht.